Reschter vs. Rechter
Iwwer Sproochfeeler, -wandel an -entgleisung
„Eng Fläsch, esou grouss wéi Baden-württemberg, ass verbrannt …“héiert een de Moment ë. a. allze dacks an de geschwate Medien, an et denkt een (normalerweis) un e gliesene Behälter! An dat niewent dem „esch“fir „ech“, dem „Pesch“fir „Pech“, de „Mënschreschter (!)“fir „Mënscherechter“... Schlëmmer nach, wann et heescht „d’haiser goufe mat Baatschen zougedeckt“, mee dat ass nach en anere Sujet.
Nu soll jo eng Sprooch d’kommunikatioun erliichteren, Kloerheet schafen, net Verwiesslunge provozéieren oder onnëtz Gehiergymnastik verlaangen, fir ze verstoen, wat gemengt ass, ëmsou méi, wann et am Geschriwwene kloer a richteg do steet. Dat trëfft besonnesch fir ons geschwate Medien zou, déi jo en „effet d’imitation et, partant, de multiplication“bei de Leit hunn. D’auslänner, déi ons Sprooch wëlle léieren, ginn, en plus, duerch déi hei uewe beschriwwe Praxis veronséchert.
Och deen diploméiertste Speaker misst richteg kënnen artikuléieren. Eng propper Aussprooch, Artikulatioun a Betounung gehéieren nun emol och zum professionelle Speakerberuff. Op BBC schwätzen d’speaker jo och eng Zort „Bbc-english“a massakréieren hir Sprooch net.
Näischt géint lokal Idiomer an Aussproochen (déi wierklech spannend kënne sinn), mee fir mech schéngt dëse Phenomen net e Sproochwandel ze sinn, mee carrément eng Entgleisung. Firwat soll een d’sprooch, mat hiren Nuancen a Lauter, net fleegen a respektéieren, well dat zum bessere Verständnis jo esou definéiert ginn ass. Och wann ee vun engem Sproochwandel schwätzt, da soll deen an d’richtung vun enger Erliichterung féieren, ower net an d’konfusioun. Och wann déi Entgleisung (op der Uni soe se „Wandel“) ëmmer méi propagéiert an Iwwerhand hëlt, ass dat keen Argument, fir dat tel quel z’akzeptéieren.
Nit jidderee schwätzt korrekt Lëtzebuergesch, mengt den Auteur vun desem Lieserbréif.
Am Liewe muss ee sech alt emol korrigéieren an e klengen Effort maachen „pour rectifier le tir“(Sorry, fir meng Inkohärenz). Ons Sprooch soll ons dat wäert sinn, an da versteet ee se och direkt, souguer d’auslänner da vläicht och éischter.
Dee sougenannte lautleche Wandel solle mer net einfach esou hinhuelen, well e Konfusioune mat sech bréngt. Dann heescht et och nach, fir esou Wierder ze schreiwen, misst een iwwert d’däitscht fueren, fir ze wëssen, ob se mat „sch“oder „ch“geschriwwe ginn. Méi schizophren geet et bal net! Wa verschidde Leit déi „ch“-aussprooch als „traditionell“an di aner als „modern“bezeechnen, da kann ech nëmmen de Kapp rëselen: Wa „Mënschereschter“(Dir denkt jo elo z. B. un déi stierflech Iwwerreschter) elo gläichgestallt gi mat „Mënscherechter“dann hu mer e Problem, nämlech mir ginn an d’richtung vu Kannibalismus. Ons Medie sinn do gefuerdert a sollen eng Hand mat upaken, well et ass eng Entgleisung a keen „positive“Wandel. Am Buch vun der „Lëtzebuerger Orthografie“, dat grouss ugekënnegt gouf an e Risesuccès bei de Leit huet, fënnt een op der Säit 95 e gudden Iwwerbléck (och gratis ze bezéien iwwer www.zls.lu). Vill Spaass mam Obstruent, deen alveolo-palatal ausgeschwat gëtt (an net postalveolar)!
Jean-andré Stammet,
Lëtzebuerg avis personnel, notre législation ou/et éventuellement notre Constitution devraient préciser le titre que l’époux/épouse du chef d’etat pourrait porter. A juste titre et aussi pour garder l’égalité entre hommes et femmes, le titre de «Prince/princesse» serait adéquat.
Marc Gottal,
Strassen