Samschdeg
Differdingen: Patisserie meets Wëssenschaft Sweet Patisserie meets Wëssenschaft. De Luxembourg Science Center experimentéiert mat flotte Patisserie-rezepter an entdeckt wärenddeem d'wëssenschaft déi sech an Desserte verstoppt. Bestellt Är Tickete fir 80 € op www.science-center.lu – Verëffentlecht vum Luxembourg Science Center op mywort.lu
Ellingen: Buergbrennen
D'jugend Amicale Elleng organiséiert d'buergbrennen an der rue des Champs. De Rendez-vous fir de Fakelzuch ass ëm 20 Auer beim Centre Martialis. D’feier wiermt eis vu baussen, fir dat Bannescht suerge Glühwäin a Gegrilltes. – Verëffentlecht vun der Amicale Elleng op mywort.lu
Ettelbrück: Buergbrennen
D'amicale vun de Pompjeeën Ettelbréck invitéieren Iech ab 14 Auer an d'däichwisen op hiert Buergbrennen. Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt. Deen traditionellen Ierzebulli gëtt gratis verdeelt. D'buerg gëtt ëm 19 Auer gebrannt. – Verëffentlecht vum Henri Scholtes op mywort.lu
Grevenmacher: Buerg-lagerfeier D'scoute vum Grupp St. Laurent an d'amicale „Frënn vun de Maacher Guiden a Scouten“invitéieren op hiert Buerg-lagerfeier e Samschdeg vu 16 Auer un, virum Pompjeesbau am Schaffmill. D'buerg gëtt um 19.30 Auer ugefaangen. – Verëffentlecht vum Jeanpaul Schiffmann op mywort.lu
Remich: Buergbrennen Eng Traditioun zu Réimech ass d’buergbrenne, fir de Wanter ze verdreiwen. D’buerg, symboliséiert duerch e grousst Kräiz, gëtt ëmmer de Weekend no Fuesent verbrannt. Fir Iessen a Gedrénks ass dëse Samschdeg ab 18.30 Auer gesuergt. – Verëffentlecht vum Steve Warnier op mywort.lu
Trintingen: Buergbrennen
D'amicale Pompjeeë Gemeng Waldbriedemes invitéiert op hiert Buergbrennen zu Trënteng beim Gemengeschapp an der route de Remich. Ab 18 Auer ass fir Iessen a Gedrénks gesuergt. Géint 19 Auer gëtt d'buerg ugefaangen. – Verëffentlecht vun der Amicale Pompjeeë Gemeng Waldbriedemes op mywort.lu
Wiltz: Buurigbrennen
De Syndicat vu Wolz informéiert, dass um 19 Auer d'buerg bei der Himmelsbaach gebrannt gëtt. – Verëffentlecht vum Syndicat d'initiative Wiltz op mywort.lu