Eng musikalesch Rees duerch déi ganz Welt
De verdéngschtvolle Musikant Jeannot Roller um Galaconcert ausgezeechent
Luerenzweiler. An der Sportshal zu Luerenzweiler war eng weider lass, wéi d'hielem-luerenzweiler Musek hire Galaconcert 2020 gespillt huet.
Ënnert der Direktioun vum Micky Thein huet de wibbelege Jugend-ensembel „Fortissimo“aus der Museksschoul den Ufank gemaach an si hunn deene méi wéi 600 Nolauschterer gewise, wat si scho kënnen, an zu wivill si sinn.
Wéi si d'bühn verlooss haten, konnten déi 68 Musikanten vun der „grousser Musek“Plaz huelen an hunn ënnert der Direktioun vun hirem neie Chef, Pavel Nakhimovitch, hir musikalesch Weltrees mat Schmackes ugefaangen an zwar mam Marsch „Einzug der Gladiatoren“. Duerno ass et mat „Alpina Saga“, „Ross Roy“, „Cassiopeia“
an „African Symphony“weidergaangen. Mat klenge Geschichten tëschent de Stécker sinn d'leit vun deenen dräi aktive Musikanten Noémie Patz, Jelena Thiel a Frazer Alexander labber duerch de Programm gefouert ginn.
No der Paus ass „Wedding Day at Troldhaugen“, „Cordilleras de los Andes“, „El Bimbo“a „Frankie goes to Hollywood on Stage“opgeluecht ginn, esou dass jiddwer Nolauschterer eppes fonnt huet, wat him gefall huet, vum Jéngsten bis den Eelsten. Mat grousser Freed ass de President Roland Kayser am zweeten Deel virun de Mikro getratt fir ee Musikant besonnesch ze éieren: De Jeannot Roller, deen zënter 60 Joer als aktive Musikant um Pult sëtzt, och eng laang Zäit am Comité war a grad esou wéi seng Fra Lory, ëmmer bereet ass, fir eng Hand mat unzepaken fir seng Musek. Aus der laanger Zäit gouf et vill ze erzielen. De Jeannot huet sech voller Stolz seng Médaille en vermeil Grand-duc Adolphe vum Här Marc Thill, Vertrieder vun der UGDA, uspéngele gelooss a versprach, dass hien seng Auszeechnung nach eng Kéier richteg géif feieren. Dat leschte Stéck sollt eigentlech „Disney Fantasy“sinn, mä wéinst dem villen Applaus, mat deem d'musikanten fir hiren Asaz belount gi sinn, hu si sech et net huele gelooss, fir mat Freed zwou Zugaben ze spillen, fir duerno beim Patt a bei Bréidercher de Concert mat dem Publikum nach eng Kéier Revue passéieren ze loossen.
Guy Flick via mywort.lu