Notizblock Norden
Ell. – Hobbymaart. Fir e Sonndeg, den 8. Mäerz, invitéiert den DT Ell vun 10 Auer un op säin Hobbymaart am Centre Camille Ney. Nieft allméiglechen Hobbya Konschtstänn steet vu 14 Auer un och ee Bingospill um Programm, bei deem et vill flott Präisser ze gewanne gëtt. Fir de Mëttesmenü (Fleeschpaschtéit oder Ham, Fritten an Zalot fir 18 Euro oder de Kannerteller fir zing Euro) kann ee sech um Tel. 23 62 11 04 oder per Mail op d’adress rasque12@hotmail.com mellen. Ëlwen. – Café-concert. Fir sonndes, den 8. Mäerz, invitéieren déi dräi Ëlwenter Gesangsveräiner Adesso, Canto dos Anjos an d’chorale Ëlwen, ëm 15 Auer, op ee Café-concert am Centre culturel zu Ëlwen. Fir Eessen a Gedrinks ass bestens gesuarrigt. Den Erlis ass integral fir d’spendenaktioun Télévie.
Ettelbréck. – Requiem. E Sonndeg féiert den Ettelbrécker Conservatoireschouer um 17 Auer an der Kierch zu Ettelbréck de Requiem vum John Rutter op. Um Programm stinn och nach Wierker vu Bach, Nystedt, Paulus a Bevan. Den Entrée ass fräi.
Ettelbruck. – Conférence. Après l'assemblée générale de l'association Al Synagog le jeudi, 5 mars, à 18.30 heures, au siège social à 20, rue de Warken, aura lieu une conférence avec le thème «La synagogue: lieu de refuge ou lieu de combat?» (en français) de Alain Nacache, Grand Rabbin de Luxembourg. La conférence fait partie du cycle de conférences «Synagogue: coeur de la mémoire collective juive.»