Die Erde als Heimat für alle
Am Donnerstag, den 5. März, findet um 19.30 Uhr im Baha’i Centre (17, Allée Léopold Goebel) ein Vortrag von Farah Dustdar statt. Die Referentin gibt eine Einführung in die jüngste unter den monotheistischen Religionen und setzt sich mit der Frage auseinander, inwieweit die Baha’i-religion Antworten anbieten kann, um die Erde für alle Menschen zu einem lebenswerten Ort zu machen. Der Vortrag findet auf Deutsch statt und wird ins Französische übersetzt. Eine Anmeldung ist nicht erforderlich, der Eintritt beträgt acht Euro. Informationen bei Ingo Hanke: ingo.hanke@lsrs.de. C. durch den Ungehorsam des einen Menschen die vielen zu Sündern gemacht worden sind, so werden auch durch den Gehorsam des einen die vielen zu Gerechten gemacht werden.
Evangelium vum 1. Faaschtesonndeg
(Joer A / Mt 4,1-11)
De Jesus gouf vum Geescht an d’wüüst gefouert, fir vum Däiwel op d’prouf gestallt ze ginn. 40 Deeg a 40 Nuechte laang huet hien do gefaascht; um Enn war hien hongereg. Dunn ass deen, deen hien op d’prouf stelle sollt, dohi komm a sot zu him: „Wann s du dem Herrgott säi Jong bass, da so, déi Steng hei solle Brout ginn!“De Jesus huet him geäntwert: „Et steet geschriwwen: De Mënsch lieft net nëmme vu Brout, ma vun all Wuert, dat aus dem Herrgott sengem Mond kënnt.“Dueropshin huet den Däiwel hien an déi helleg Stad matgeholl an hien op d’spëtzt vum Tempel gestallt. Hie sot zu him: „Wann s du dem Herrgott säi Jong bass, da gehei dech hei erof! Et steet nämlech geschriwwen: Wéinst denger gëtt hien sengen Engelen den Uerder, an si droen dech op den Hänn, fir datt s du dir de Fouss net un engem Stee stéiss.“De Jesus sot: „Et steet och nach geschriwwen: Du solls den Här, däi Gott, net op d’prouf stellen!“Duerno huet den Däiwel hien op e ganz héije Bierg matgeholl an him alleguer d'räicher vun der Welt an hir Herrlechkeet gewisen. Hie sot zu him: „All dat hei ginn ech dir, wann s du nidderfäls a mech ubiets.“Du sot de Jesus zu him: „Fort mat dir, Satan! Et steet nämlech geschriwwen: Den Här, däi Gott, solls du ubieden, an him eleng solls du déngen!“Dueropshin huet den Däiwel hie verlooss, a kuck, et sinn Engelen dohi komm an hunn hie bedéngt.
Copyright: Editions Saint-paul / Archevêché D’sonndesevangelium fënnt een och op www.cathol.lu