Notizblock Zentrum
Bartreng. – Zero-waste-themendag. Haut fënnt am Centre Atert en Themendag ronderëm d’thema „Zero Waste“statt. Tëscht 10 a 16 Auer kann ee sech u verschiddene Stänn informéieren an ënner anerem u Kichen-, Upcycling- a Seefenatelieren deelhuelen. Organiséiert gëtt den Dag vun der Familljen- a Chancëgläichheetskommissioun vun der Gemeng.
Biereng. – Secondhandmaart. D’jeunes Mamans Miersch organiséieren d’nächst Woch e Secondhandmaart fir Kanner- an Erwuessenekleeder souwéi Spillsaachen a Bicher an der Hall Irbicht (Rue Irbicht). Dat en Donneschdeg vu 14 bis 21 Auer e Freideg vu 14 bis 19 Auer an e Samschdeg vun 10 bis 16 Auer. Den Erléis ass fir de gudden Zweck.
Lëtzebuerg. – Bildungsgrupp. De Mouvement écologique luet Leit aus dem
Bildungsberäich, Schüler oder Intresséierter an hire Bildungsgrupp den Donneschdeg ëm 18.30 Auer an. Thema ass: „Wat heeschen d’klimademoe fir d’politesch Bildung an eise Schoulen?“. Nieft verschiddenen Themen ass en oppenen Austausch zum Beräich Bildung fir nohalteg Entwécklung a politesch Bildung geplangt. D’reunioun gëtt op Nummer 6, Rue Vauban gehalen. Umelle kann ee sech per E-mail un cedric.metz@oeko.lu.
Niederanven. – Cours de tricotage. Au Kulturhaus un cours de tricotage sous le thème «Pullover top down – édition printemps» avec Laure Faber aura lieu le samedi prochain, ainsi que le 14 et 28 mars, de 9.30 à 11.30 heures et le mardi 21 avril, de 19.30 à 21.30 heures. L’inscription et plus d’informations sont disponibles sur www.khn.lu/fr/agenda ou par e-mail à workshop@khn.lu.