Luxemburger Wort

„Ech war blann, an elo kann ech gesinn“

Die Frohbotsch­aft – 4. Fastensonn­tag – „Laetare“

-

Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Ephesus.

Schwestern und Brüder!

Einst wart ihr Finsternis, jetzt aber seid ihr Licht im Herrn. Lebt als Kinder des Lichts! Denn das Licht bringt lauter Güte, Gerechtigk­eit und Wahrheit hervor. Prüft, was dem Herrn gefällt, und habt nichts gemein mit den Werken der Finsternis, die keine Frucht bringen, deckt sie vielmehr auf! Denn von dem, was sie heimlich tun, auch nur zu reden , ist schändlich. Alles, was aufgedeckt ist, wird vom Licht erleuchtet. Denn alles Erleuchtet­e ist Licht. Deshalb heißt es:

Wach auf, du Schläfer, und steh auf von den Toten, und Christus wird dein Licht sein.

Evangelium vum 4. Faaschteso­nndeg

(Joer A / Joh 9, 1-41)

Wéi de Jesus do gaang ass, huet hien e Mann gesinn, dee vu Gebuert u blann war. Dunn hunn seng Jünger hie gefrot: „Rabbi, wien huet gesënnegt, esou datt dee Mann hei blann op d'welt komm ass – hie selwer oder seng Elteren?“De Jesus huet geäntwert: „Weder hien nach seng Elteren hu gesënnegt, ma et ass esou, fir datt dem Herrgott seng Wierker un him gewise gi kënnen. Mir mussen d'wierker vun deem, dee mech geschéckt huet, verwierkle­chen, esoulaang et Dag ass, well d'nuecht kënnt, an där kee méi eppes wierke kann. Esoulaang wéi ech an der Welt sinn, sinn ech d'liicht vun der Welt.“Nodeems hien dat gesot hat, huet hien op de Buedem gespaut. Hien huet mat dem Spaut Bulli gemaach an huet deem Blannen de Bulli op d'ae geschmiert. Du sot hien zu him: „Géi dech an de Schiloache­r Bad wäschen (Schiloach gëtt iwwersat mat: deen, dee geschéckt ginn ass)!“Dee Blannen ass fortgaang an huet sech gewäsch, a wéi hien zréckkoum, konnt hie gesinn. D'noperen an déi Leit, déi hie fréier als Heescheman­n kannt haten, soten: „Ass dat hei net deen, deen do souz ze heeschen?“

Déi eng hu gesot: „Et ass hien“, déi aner soten:

„Neen, hie gläicht him just.“Hie selwer awer sot: „Ech sinn et!“Dunn hunn si hie gefrot:

„Wéi sinn deng Aen dann opgemaach ginn?“

Hien huet geäntwert: „Dee Mënsch, dee Jesus genannt gëtt, huet Bulli gemaach a mir en op d'ae geschmiert, an hie sot zu mir: ,Géi op Schiloach a wäsch dech!‘ Ech sinn also dohigaang, an nodeems ech mech gewäsch hat, konnt ech gesinn.“Dunn hunn si hie gefrot:

„Wou ass dee Jesus?“Hie sot: „Ech weess et net.“Dueropshin hunn si dee Mann, dee virdru blann war, bei d'pharisäer gefouert.

Deen Dag, op deem de Jesus de Bulli gemaach an deem Blannen seng Aen opgemaach hat, war awer e Sabbat. D'pharisäer hunn hien elo och nach eng Kéier gefrot, wéi et komm ass, datt hie gesi konnt. Hie sot zu hinnen:

„Hien huet mir Bulli op d'ae gemaach, an ech hu mech gewäsch, an elo kann ech gesinn.“Du soten der e puer vun de Pharisäer: „Dee Mënsch kann net vum Herrgott kommen, well hien de Sabbat net anhält.“Anerer awer soten: Wéi kann e Mënsch, deen e Sënner ass, esou Zeeche maachen?“An si ware gedeelter Meenung. Du soten si op en Neis zu deem

Blannen: „Wat sees du da vun him – et si jo deng Aen, déi hien opgemaach huet?“De Mann sot: „Hien ass e Prophéit.“D'judden hunn net gegleeft, datt hie blann gewiescht war an elo gesi konnt, bis si seng Eltere geruff an si gefrot haten: „Ass dat hei äre Jong, vun deem dir sot, datt hie blann op d'welt komm ass? Wéi kënnt et dann, datt hien elo gesäit?“Seng Elteren hu geäntwert: „Mir wëssen, datt dat hei eise Jong ass an datt hie blann op d'welt komm ass. Wéi et awer kënnt, datt hien elo gesäit, dat wësse mir net, a wien seng Aen opgemaach huet, dat wësse mir och net. Frot hie selwer; hien ass al genuch, fir fir sech selwer ze schwätzen!“Dëst soten seng Elteren, well si d'judde gefaart hunn. D'judden haten nämlech schonn ofgemaach, datt deejéinege­n an de Synagogeba­nn kéim, dee bekenne géif, datt de Jesus de Christus wär.

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg