Vill Schéines op de Schaffméindeger vollbruecht
D’fraen a Mammen d’ganzt Joer fir déi gutt Saach am Asaz
Schëtter. Wéi et schonn Traditioun ass, treffen sech d’membere vun de Fraen a Mammen Sektioun Schëtter an den éischte Méint vum Joer fir hir Generalversammlung.
A Schmatten zu Al-schëtter huet d’presidentin Sanny-louise Kemp vill Membere fir e gemittlechen Owend begréisst. Beim Virdroe vum Joresbericht an dem Keessebericht ass betount ginn, dass et elo schonn déi 35. Generalversammlung ass. An deene 35 Joer konnten d’fraen a Mammen Spenden vun zesummen 168 639,53 Euro fir gutt Zwecker spenden. Nieft sechs Komiteessëtzungen ware virun allem d’schaffméindeger eng vun den Haaptaktivitéite vum Veräin.
Dobäi sinn allerlee Hand- a Bastelaarbechten, Kichelcher, Knippercher, a fir Chrëschtdag nach Adventskränz a Chrëschtdagsarrangementer preparéiert ginn. Domat war alles prett fir déi verschidden Verkaafsdeeg, déi do waren Ouschtermaart an engem Liewensmëttelgeschäft, Chrëschtmaart am Centre culturel an e Stand um Chrëschtmaart op der Kiircheplaz.
Am Dezember war natierlech och de Besuch vun engem
Chrëschtmaart um Programm. Zesummen ass et mam Gaart an Heem op Durbuy gaangen.
Déi vill Méi war net ouni Resultat. Sou konnten d’fraen a Mammen vu Schëtter och dëst Joer zwee Schecken fir de gudden Zweck stëften.
Den éischte Scheck war fir Omega 90 an deen zweeten Scheck fir Kanner Wonsch. Déi zwou Vereenegungen hunn sech kuerz virgestallt an no der offizieller Iwwerreechung ass nach Zäit bliwwe, fir e gemittlecht Zesummesinn mat Iessen an Drénken.
Norbert Behm via mywort.lu