Et gëtt Zäit, fir méi eng nuancéiert Kommunikatioun
Gedanken iwwert den Ëmgang mam Corona-virus – national an international
D’envergure vun dësem Coronavirus huet ons praktesch alleguerten iwwerrannt an ons virun Ae gefouert, datt mir vill ze vill an enger Confort-blos liewen, déi ganz séier, duerch esou äusser Ëmstänn, zesummefale kann. Momentan si mir nach matzen dran a ville Mënsche mécht dat jo och Angscht, aner blennen d’gefore léiwer aus.
Onofhängeg dovunner bréngt esou eng „Kris“och ëmmer déi gutt a manner gutt Eegenschafte vun ons Mënschen zum Virschäin. Dat souwuel am klenge wéi am groussen, also um Niveau vun den tëschemënschleche Reaktiounen, wou et ëmmer méi Leit gëtt, déi sech an den Déngscht vun anere stellen, déi sech net esou gutt hëllefe kënnen. Dat mécht Hoffnung a bedeit, datt bei ons an der Gesellschaft déi ëmmer méi egoistesch an individualistesch Tendenzen nach net komplett iwwerhand geholl hunn.
Awer och déi Mënschen aus dem Gesondheetssecteur, déi hei besonnesch gefuerdert sinn, sinn déi richteg Helden an dëser Kris. Niewent alleguerten deenen, déi musse schaffe, fir d‘basisfunktioune vun onser Gesellschaft oprecht ze halen.
Och bei de Responsabele vu Politik, Wëssenschaft, Ekonomie an der ganzer Zivilgesellschaft gesäit een eng Bereetschaft fir alles ze maache, fir dës Kris ze meeschteren. Hei ass et remarkabel, datt ons Politiker sech alleguerten ëmmer méi op d’recommandatioune vun den Experte verloossen an déi och ëmsetzen. Ausrutscher gëtt et hei awer leider och. Déi onsäglech Grenzschléissungen an der EU sinn esou een „Nonsens“, wou d’politik déi wëssenschaftlech Beweiser bewosst ignoréiert an hei léiwer op méi „populistesch“Moossname setzt, déi, wat d’ausbreedung vum Covid19 betrëfft, praktesch keen Impakt hunn a just kontraproduktiv sinn an déi néideg Echangen innerhalb vun der EU, respektiv Regiounen, déi ekonomesch verzahnt sinn, onnéideg erschwéieren.
Et ass gutt, wa mir alleguer ëmmer iwwert déi aktuell Situatioun informéiert ginn, an och déi verschiddenst Experten, oder déi sech dofir halen, ons hir Vuen erklären a wéi et eventuell viru geet. Awer lues a lues wier et och gutt, wann een eng méi nuancéiert Kommunikatioun géif maachen. Also ausser an all zweete Saz de Leit an d’gewësse riede wéi se sech ze verhalen hunn, och kommunizéiere wou d’fortschrëtter sinn, déi positiv Elementer de Gefore géigeniwwersetzen.
„Bleift doheem!“ass richteg an déi normal sozial Kontakter solle momentan esou staark wéi méiglech limitéiert ginn, awer och d’méiglechkeete rauszegoe solle méi thematiséiert, a wéi ee sech hei verhale soll. Oder wann ee Symptomer huet a sech teste loosse geet, hei soll een och deene Leit kloer soen, datt se sech selwer ënnert strikt Quarantän setze solle, bis se d’resultat hunn an absolut kee Kontakt méi sollen zoulousse bis dohinner. Wann een eng Konklusioun
aus dem Krisemanagement kann elo schonn zéien, dann déi, datt mir innerhalb vun der EU eng vill besser an déifgräifend Zesummenaarbecht a Koordinatioun an alle Beräicher brauchen. Et ass keen nationale Virus, mee globalen, an dat bedeit, datt et Nonsens ass, hei just eng national Zopp ze kachen. Bei dem aktuelle Krisemanagement, an deenen eenzele Memberstaaten, gesäit ee ganz kloer, wat et bedeit, wann hei jidderee just probéiert a sengem Eck eppes ze maachen ouni no engem kloer a koordinéierte Plang virzegoen. Hei hätt ee bei ons an der EU vun Ufank u vill méi séier kéinten agéieren an domat hätt sech den Impakt vun dëser Kris bestëmmt manner dramatesch entwéckelt, wéi dat elo de Fall ass. Leider sinn hei aus de Feeler aus der Finanzkris 2008 net genuch Konsequenze gezu ginn. Déi uewe schonn ugeschwaten egoistesch an ëmmer méi op sech selwer bezunnen Tendenze spillen hei leider op nationalem Niveau och nach ëmmer eng vill ze grouss Roll. Et wier wierklech ze hoffen, datt mir duerch dësen äussere Schock och hei een aneren, bessere Wee aschloen a méi als „Gemeinschaft“zesummewuessen. Eng Hoffnung, déi ech nach net opginn hunn. Besonnesch wann ee bedenkt, datt zwar duerch dës sanitär Kris déi ganz Klimaproblematik an den Hannergrond geroden ass. Awer d’klimakris ass villäicht keng esou akut, wéi déi momentan sanitär Kris, awer och mat engem ganz eeschten Hannergrond. Hei ass och d'potential grouss, fir onst Liewe, wéi mir et aktuell kennen, op d’kopp ze geheien a vill Misär fir Mënsch an Ëmwelt mat sech ze bréngen. Dofir kann och de Covid19-virus hei een Ustouss ginn, fir iwwert d’konsequenze vun onser aktueller Liewensweis nozedenken. D’hoffnung stierft jo bekanntlech fir d’lescht, an als positiv agestallte Mënsch ginn ech dës Hoffnung net op.
Jean Boden, Gonnereng