Net déi néideg didaktesch a pedagogesch Kenntnisser
Firwat den Homeschooling am Fondamental keng ideal Solutioun ass
Wéinst dem Corona-virus mussen Dausende Kanner zu Lëtzebuerg doheem bleiwen a léieren. Geet dat iwwerhaapt, ouni an d’schoul ze goen? Homeschooling?
Et hänkt ganz dovunner of, wat een ënner léiere versteet. Wann et dorëms geet, d’matière, déi an der Schoul gesi ginn ass, opzefrëschen, ze widderhuelen an ze verdéiwen, da kann dat duerchaus gutt klappen. Do sinn d’elteren da gefuerdert, hire Part vu Responsabilitéit als Eltere vis-à-vis vun hirem Kand ze iwwerhuelen. Heiansdo mol kucken an nofroen, ob d’rechnunge gemeet sinn. Kontrolléieren, ob déi franséisch Vokabele geschriwwe gi sinn. Déi selwecht Tâchen, déi se souwisou och am Alldag maachen, wann d’schoul normal leeft a se d’bichelche kucken an d’hausaufgabe kontrolléieren.
Wann et awer dorëms geet, nei Inhalter ze vermëttelen an am Programm weiderzefueren, gesinn ech dat perséinlech als problematesch. Wisou?
Ma ganz einfach, well een den Elteren net esou eng Verantwortung opdränge kann. Déi Elteren, déi am Enseignement schaffen, hunn déi néideg didaktesch a pedagogesch Kenntnisser an och Erfahrung, fir dat mat hire Kanner doheem ze maachen. An dat si leider déi wéinegst. Schoulmeeschter oder Schouljoffer ass e Beruff. Fir dësen Diplom ze kréien, muss ee studéiert an eng jett praktesch Stagë gemeet a gepackt hunn. Mammen a Pappen, déi dëse Background net
„Déi néi Medie gi vum Ministère als Allheelmëttel dohinner gestallt a verherrlecht“, seet den Auteur vun dësem Lieserbréif.
matbréngen, sinn oft iwwerfuerdert. Do si Konflikter an der Famill virprogramméiert.
Déi néi Medie gi vum Ministère als Allheelmëttel dohinner gestallt a verherrlecht. Et gëtt den Eltere versprach, dass d’schoul weidergeet „Schoul doheem“. Mat e bësse logeschem Mënscheverstand weess jiddweree fir sech selwer, dass dat e schéint Mäerchen ass. Déi meescht Aufgaben, déi am Moment verdeelt ginn, sinn ähnlech Übungen ewéi déi, wou och an de Schoulbicher ze fanne sinn. Also kann an de kommende Wochen och wonnerbar analog weidergeschafft ginn. Et ass kee Grond, do elo ee mega Multi-media-digital-hype ze starten an d’elteren an d’kanner mat Mailen a Videoen zouzeschëdden an an de Wahnsinn ze dreiwen. Dës Situatioun, wéi se ass, ass scho schwéier genuch a stellt jiddwereen op d’prouf. Wat net heesche wëll, dass et ganz flott Siten an Apps gëtt, déi super opgebaut sinn an de Kanner op eng flott, spilleresch a pedagogesch Manéier Saachen ubidden.
No enger Woch Schoul doheem a Feedback vu mengen Aarbechtskollegen huet sech erauskristalliséiert, dass vill Elteren einfach iwwerfuerdert si mat den neien Technologien. Verschiddener kapituléiere scho bei der Demande, eng Pdf-datei am Anhang vun enger Mail opzemaachen. Et gi Saache vun den Eltere gefrot, ewéi, wa se supposé connu misste sinn, bei deenen ech perséinlech fannen, dass mer do onrealistesch Erwaardungen hunn.
Schneide mir net och do ausserdeem eng sozial a Bildungsongerechtegkeet un?
Sozial an deem Sënn, well och hei zu Lëtzebuerg nach net all Famill e Computer an e Printer doheem huet, a Verschiddener kënne sech et och net leeschten, all Dag Übungsblieder ze drécken.
Bildung, well Elteren, déi een héije Bildungsusproch un hir Kanner hunn, och dono kucke wäerten, dass hir Kanner reegelméisseg Exercicer maachen an e gereegelten Dagesoflaf hunn. Bei Familljen, bei deenen dat net üblech ass, do wäert sech och an den nächste Wochen a Méint leider wesentlech manner doen.
Trotz der Pandemie ginn et nach vill Elteren, déi musse weider schaffe goen, fir dass net alles zesummebrécht. A mat zwee oder dräi Kanner doheem ass einfach déi Zäit net do, fir dat ze realiséieren. Wéi ass et zum Beispill mat deenen Elteren, déi an den Noutdéngschter täteg sinn an all Dag Liewe retten? Wéi solle si d’„ecole à distance“maachen?
Dee System, deen den Ament vun der Regierung proposéiert gëtt, ass, a mengen Aen, net realistesch a féiert op Dauer dozou, dass d’schéier just nach méi wäit auserneegeet.
Perséinlech sinn ech der Meenung, an dat ass mir ganz wichteg matzedeelen, dass mir eis all musse bewosst sinn, dass och, wann den Unterrecht elo méi laang sollt ausfalen ewéi ugekënnegt, dass dëst net zu engem Bildungsnoutstand wäert féieren. Heiansdo huet een och während der normaler Schoulzäit Wochen, déi méi produktiv sinn, anerer manner, esou ewéi an all Beruff. Et ass also kee Grond, elo a Panik ze verfalen an ze fäerten, dass déi aktuell Generatioun doduerch bildungsméisseg wäert ënnergoen.
Léif Elteren, probéiert, d’zäit mat Äre Kanner doheem ze genéissen. D’kanner léieren net just Saache bäi um Computer oder an de Bicher. Zesumme kachen, d’natur entdecken, am Gaart schaffen, all déi Saache sinn och wichteg Elementer, déi mer deene Jonke musse mat op de Wee ginn, fir dass si sech zu autonome Mënsche kënnen entwéckelen.
Cyril Grün, Schoulmeeschter,
Diddeleng