Luxemburger Wort

Prix Laurence verlängert, trotz Literatour-ofsoo

-

Beetebuerg. Wéinst der Coronaviru­s-kris ass dei 8. Ausgabe vum Literatour, dei urspréngle­ch vum 18. bis den 30. Abrëll geplangt war, ofgesot. „Den aktuelle Verlaf vun der sanitärer Kris léisst eis keng aner Wiel ewéi de Literatour­2020 mussen ofzesoen. Et ass nach ze fréi fir iwwert nei Datumen nozedenken“, esou d’équipe vum Literatour. De Schréiw-concours Prix Laurence gëtt sengersäit­s bis den 23. Abrëll, de Weltdag vum Buch, verlängert. Déi 6. Editioun vun dësem Concours ass wéi gewinnt an zwou Alterskate­gorien opgedeelt, vun 12 bis 17 a vun 18 bis 26 Joer. D’texter (Prosa, Poesie, Theater, Rap, Lidder, asw.) kennen entweeder op Lëtzebuerg­esch, Däitsch, Franséisch oder Englesch geschriwwe gin. thi

Weider Infoen ginn et op:

► www.prixlauren­ce.lu

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg