Noruff un den Nic Faber
Eng kleng Retrospektiv iwwert engem Dikricher Pompjee säin Asaz fir d’allgemengheet an d‘veräinsliewen
Den 15. November 1973 huet deen deemoligen Kommandant Armand Nicolas d‘freed gehat fir den Nic Faber als neie Pompjee an den Reien vum Dikricher Corps begréissen ze dierfen. Vun dem Dag un war den Nic am Dikircher Corps ganz séier bekannt als een, deen sou séier Näischt erféiert huet an bis zum Enn vun senger aktiver Pompjeescarrière och net gefaart huet sech den Aufgaben ze stellen.
Den Nic war vun 1977 bis 2016 stännig Member vum Komitee vun den Dikricher Pompjeen. Hei huet hien als Komiteesmember iwwert Sectiounschef(1989-2010) a Sekretär-caissier (2002-2016) un den technischen an administrativen Geschécker vum Corps deelgeholl. 2010 huet den Nic am Alter vun 65 Jar mam aktiven Dëngst opgehalen an 2016 huet hien seng wuelverdingten Pompjeespensioun ugetrueden.
Datt een no 46 Joer Pompjee a Veräinsliewen vill verzeelen kann an datt et e puer besonnech Saachen sinn misst jidderengem klor sinn. Eng Saach déi sécher ass, ass de fait datt den Nic als Pompjee enger ganzer Parti Leit a Gefor a Nout gehollef huet, mee heirobber wëllen mir lo net weider agoen.
D’veräinsliewen huet den Nic doduerch geprägt, datt hien och de Mann fir speziell Fäll war an un e puer der spezieller Fäll wollten mir hei errënneren. Doduerch datt den Arm an den Nic zesummen op der Aarbecht geschafft hunn, sinn vill Iddien déi den Arm hat vum Nic verwiirklecht ginn a vill vun denen Iddien vun denen zwee sinn dann och mat Hëllef vun de Memberen emgesat ginn. Hei e puer Beispiller aus den Joren. Et ass ee grousst Zelt mat engem Danzbuedem gebaut ginn extra fir am Park zu Dikirch um Parkfest opzeriichten. Duerch Erweiderungen konnt et och op aneren Plazen opgebaut ginn.
An där Zäit ass aus enger Camionette déi 1scht Versoiun vun engem Schlauchwon entstan.
Am Nic sengem Privathaus, wat hien neewent senger Pompjeesaktivitéit gebaut huet a wou hien bis zu Lescht gewunnt huet, hat hien een Atelier virgesinn wourann ënnert anerem dann och vill Iddien fir d’pompjeen ëmgesat ginn sinn. Hei sinn Spiller fir den legendären Pompjeesrallye, deen vun 1982 bis 1999 vum Dikricher Pompjeescorps organiséiert gouf, gebaut ginn oder d’grondgesteller fir een Bamkuchweltrekord, deen déi Dikircher
Pompjeen 3 mol mam Patissiersverband op Dikirch geholl hunn. Och huet den Nic hei no Iddien vun den Memberen vum Corps 2 grouss Container fir een Wiessellueder gebaut, Container déi bis haut am Asaz sinn. Datt den Nic dofir bekannt war, datt wann hien eppes baut et och halen géif, egal wat et weit, ass haut nach villen vun eis an Ërrënnerung, Hien hat ënnert anerem een Thüringersgrill gebaut, wou 4 Leit néideg waren fir en ze transportéiren.
De Nic hat een Halter fir Botzmëttelkanen gebaut deen viir an den Tankwon gehaangen ginn ass. Den Tankwon ass laang futti an duerch een neien ersat ginn, dem Nic seng Halteren hunn e laang iwwerleeft.
A punkto Veräinsliewen huet den Nic dann och an enger anerer Saaach Respekt an Unerkennung verdéngt. Hien war oft de Vermëttler wann mol een iwwert d’zil erausgeschoos huet. Hien huet probéiert an dofir gesuergt datt sech un een Dësch gesat ginn ass, dass de Problem geléisst ginn ass an datt rëm Rou an Uerdnung komm ass.
Wouvunn mir als jonk Borschten, déi mir an der Zäit waren, vill profitéiert hunn, war de Fait datt hien bal ëmmer Zäit hat fir eis Permanence ze maachen oder de Week-end mam Repas sur roues ze fueren, wann mir mol rëm wollten op den Tour goen. Dann huet hien gegrinst a gesot: „Maach datt et net zevill Ellen gëtt“, wourunn mir eis bal ëmmer gehalen hunn.
Da war den Nic och nach fir een méi speziellt Ausgesinn vun gréngen Kombien zoustännig. Him waren d’äerm an de Combien ëmmer ze laang an enger Kombi wou d’äerm net ofgeschnidden waren huet hien sech net wuel gefillt. Sou war dat beim Nic.
Villes aus dem Nic sengem Pompjeesliewen ass an eisen Errënnerungen mee leider huet de Nic eis den 2 Dezember 2019, gezeechent vu senger Krankheet, fir ëmmer verlooss. Vun villen Errënnerungen un de Nic wäerten mir nach ze erzeelen wëssen wann mir un hien denken.
Dës Zeilen vun Unheilig hëllefen eis a sinn eiser Meenung no och am Nic sengem Sënn:
„So wie du warst, bleibst du hier, So wie du warst, bleibst du immer bei mir,
So wie du warst, erzählt die Zeit, So wie du warst, bleibt soviel von dir“
Senge Kanner a senger Famill soen mir: „Et war eng sching Zäit, déi mir mam Nic verbréngen duerften an mir denken gäeren dorun zeréck“.
Vun villen Errënnerungen un de Nic wäerten mir nach ze erzeelen wëssen wann mir un hien denken.
Dem Nic seng Pompjeeskollegen
Dikrich am Mäerz 2020