De Kolping Lëtzebuerg ënnerstëtzt Aarbechsinitiativ
8 250 Euro fir d'services de l’entraide CNDS
Ëlwen. Viru kuerzem war eng Delegatioun vu Kolping Lëtzebuerg op Ëlwen bei d'services de l'entraide (CNDS) fir ee Scheck vun 8 250 Euro ze iwwerreechen. Dës Suen si geduecht fir d'uschafe vun Aarbechtsmaschinne fir den Holzatelier souwéi d'bäckerei an d'kichen. D'services de l'entraide bidden hir Ënnerstëtzung bei der Aarbecht a ville Beräicher un, beispillsweis Gaardenaarbecht, Ëmweltaarbechten, Gréngfläche méinen, Kachen, Holzhandwierk, Wäsch, Bitzstuff oder Verkaf vu Second-hand-kleedung. Eng ronn 100 Leit schaffen zu Ëlwen. D'zil ass et fir deene Mënschen, déi ganz vill Probleemer hunn fir iwwerhaapt op den Aarbechtsmaart ze kommen, eng sozial a berufflech Struktur unzebidden. Dës Leit hunn eng onstabil geeschteg a kierperlech Gesondheet, Tendenz
E Scheck vun 8 250 Euro gouf iwwerreecht.
Luxemburger Wort Dienstag, den 31. März 2020 zum Konsum vun Drogen an Alkohol a keng fest Aarbecht. Dobäi gëtt héije Wäert op Pünktlechkeet, Aarbechtstempo a Produktivitéit geluecht fir spéiderhin den Ufuerderunge vum Aarbechtsmaart gewuess ze sinn. Eng sozioprofessionell Ekipp ënnerstëtzt d'leit.
Fir am Team matzemaachen, ass eng Registréierung beim Aarbechtsamt eng noutwendeg Viraussetzung. Op dem Site zu Ëlwen gouf och ee grousse Gaart ugeluecht, wou da Privatleit kënne Geméis kafe kommen an och verschidde Restaurateure beliwwert ginn. Mat dësem Don wëll Kolping Lëtzebuerg d'sozial schwaache Mënschen an esou Strukturen eng Chance gi, fir eng nei Aarbechtsplaz ze fannen, och wann et net ganz einfach ass.
Alphonse Schmitz via mywort.lu