1 000 Euro vum Bëschfest
D'bûcherons du Nord hëllefen der Fondation Autisme
Munzen. D'bûcherons du Nord si frou, dass si och dëst Joer erëm een Deel vum Erléis vum Bëschfest un eng sozial Organisatioun konnte spenden.
Dëst Joer ass ënnert anerem ee Scheck an Héicht vun 1 000 Euro un d'fondation Autisme Luxembourg iwwerreecht ginn. Domat ënnerstëtzen d'bûcherons den Ëmbau vum Gaart an dem Bausseberäich vum Wunnheem zu Munzen.
Jidderengem, deen zum Erfolleg vum Bëschfest 2019 bäigedroen huet, krut en extra Merci ausgeschwat.
Nadia Geib via mywort.lu