Den 30. Anniversaire gëtt am Summer gefeiert
D'männer a Pappen hu vill Aktivitéiten um Programm
Luxemburger Wort
Dienstag, den 31. März 2020
Et war et ganz aktivt Joer fir de Veräin.
Konsdrëf. Op der Generalversammlung hunn d'männer a Pappen op een erfollegräicht Joer zréckgekuckt, mat deenen übleche Keelenowenter, Laftreffen, enger Seegelvakanz, enger Schivakanz an
dem traditionelle Summercamp, zesumme mat de Kanner an den Enkelkanner am Eisléck.
Fir 2020 ass nieft deenen üblechen Aktivitéiten, eng gréisser Feier fir den 30. Anniversaire vun der Vereenegung um Summercamp geplangt an den 23. a 24. Oktober ass ee Cabaret-owend mat eegenen Texter a Lidder programméiert.
Marcel Bausch via mywort.lu