Mam neien Dirigent no vir
D’fanfare Hielem-luerenzweiler huet e schwieregt Joer ofgeschloss
Luerenzweiler. De Réckbléck vum President Roland Kayser an der Generalversammlung vun der Fanfare Hielem-luerenzweiler war duerch den Dirigentewiessel geprägt, an dat just virun der Summervakanz, wou nach eng Rei Concerten ustoungen.
Deelweis Konsequenz dovunner war och, dass demusikantestage am Hierscht ausgefall ass. E spezielle Merci gouf et fir de Jeanmarie Thein, dass hien an der Iwwergangszäit d’direktioun vun der Fanfare iwwerholl huet. No enger Rei Mercien huet de President d’joëlle Schiltz-recht fir 25 Joer Fähnerich mat Blummen an engem Kaddo geéiert. No enger Gedenkminutt fir déi Verstuerwen huet de Sekretär Fränz Warszta den Aktivitéitsrapport virgedroen. Mat 16 Sortien a Concerte war d’joer gutt gefëllt. Erausgestach hunn de Concert zou Distroff an der Lorraine an de Galaconcert am Januar. Fir 2020 ass awer och erëm e Stage virgesinn. De Keessier John Kirchen huet eng gesond a stabil Finanzsituatioun presentéiert, déi vun de Keesserevisore Joëlle Schiltz-recht, Toni Decker a Jos Ney confirméiert gouf. Duerno huet den neien Dirigent Pavel Nakhimovitch seng Zefriddenheet zum Ausdrock bruecht, wat d’leeschtung vun de Musikanten an der kuerzer Zäit, wou hien do ass, ubelaangt.
D’sous-chefin Alice Warsztabrosius ass op de Prouwebesuch (40 Stéck) an op Presenze bei de Sortien agaangen. Am Laf vum Joer huet d’fanfare néng aktiv Membere verluer, an der awer och néng derbäikritt. Am Comité sinn een Ofgang ze verzeechnen (Jerry Kohnen) an zwee Zougäng, déi per Akklamatioun opgeholl goufen (Lynn Flick an Delphine Patz). Déi aner Comitésmemberen an och de President goufe per Akklamatioun confirméiert. Nodeems den Aktiounsprogramm fir 2020 virgestallt gouf, ass et zum fräie Meenungsaustausch komm, wou vill Themen ugeschwat goufen.
Zum Schluss huet d’schäffin Marguy Kirsch-hirtt déi gutt Zesummenaarbecht tëscht der Fanfare, der Ugda-museksschoul Uelzechtdall an der Gemeng Luerenzweiler ugeschwat. Si ass och op Froe betreffend den neie Proufsall agaangen an huet dem Schäfferot seng Iwwerleeungen zur Iwwergangsperiod duergeluecht.
Guy Flick via mywort.lu