D’haupeschfest erméiglecht ganz spendabel ze sinn
D’fraen a Mammen konnten 27 500 Euro fir de gudden Zweck weiderleeden
Bäerdref. Op hirer Generalversammlung konnten d’fraen a Mamme Schecken am Wäert vu 27 500 Euro iwwerreechen.
Dëst war den Erléis vum Haupeschfest 2019, dat och dës Kéier erëm ee ganz grousse Succès war. Méi wéi 8 000 Leit waren op Besuch komm, fir sech déi flott
Konschtartikelen unzekucken an ee gudde Maufel ze iessen. D’sue vun dësem Fest goufe gespent un den Télévie (10 000 Euro), Kanner Wonsch (1 000 Euro), Eng oppen Hand fir Malawi (1 500 Euro) a jeeweils 3 000 Euro u Juddu, d’equipe Flüchtlings- a sozial Hëllef Iewescht Syr, d’fondation Apemh, d’lëtzebuerger Kannerduerf a Rokku Mi Rokka. Déi Verantwortlech vun deene verschiddenen Organisatiounen hu Merci gesot an dovu profitéiert, fir hir Projete virzestellen an ze erklären, wéi d’sue verwent ginn.
D’sekretärin Christine Kaps huet den Aktivitéitsbericht virgedroen an d’caissière Marie-france Siebenaler de Keessebericht. D’preparatioune fir déi 16. Editioun vum Haupeschfest 2020, de 7. an 8. November, si voll am Gaang, an dat neit Sécherheetsreglement vum CGDIS stellt eng nei Erausfuerderung fir dëst Joer duer. D’presidentin huet alle Sponsoren,
Memberen a Frënn en häerzleche Merci gesot fir déi wäertvoll Ënnerstëtzung an huet sech gewënscht, datt dat an Zukunft esou bleift. D’josiane Mirkes vum Parverband an de Buergermeeschter hunn d’wuert ergraff an de Fraen a Mamme fir déi gutt Aarbecht felicitéiert. C.