Firwat déi eng, an déi aner net?
Et freet ee sech, ob de Sportsveräiner méi en héije Stellewäert wéi anere Veräiner zougeschriwwe gëtt
Här Premierminister, Här Kannera Jugendminister, duerch déi rezent Reglementatiounen aus dem Sportsressort, déi viru kuerzem a Kraaft getruede sinn, ass et de Sportsveräiner nees erlaabt sech, am Respekt vu gewëssenen Aschränkungen, ze treffen an hiren Aktivitéiten nozegoen. No esou enger laanger Zäit mat ganz limitéiertem mënschleche Kontakt ass dëst och ouni Zweifel immens wichteg a richteg. Dës nei Mesuren dierfen awer net bei de Sportsveräiner ophalen!
Et gëtt eng Unzuel u Veräiner, déi zwar net onbedéngt eppes mam Sport ze dinn hunn, mee ëmmerhin sinn dës awer op d’mannst genee esou wichteg, fir déi mental a physesch Gesondheet vun hire Memberen no dëser ongewinnter a nach undauernder Zäit erëm opzepäppelen. Et gëtt an eisen Ae kee Grond, firwat dës „aner“Veräiner net och sollen, genee ewéi d’sportsveräiner, déi legal Basis kréien, fir sech ënner adäquaten
Hygiènesmesuren nees versammelen ze kënnen. An eisem Veräin, de Scouten, ewéi natierlech och a villen aneren, ass et immens einfach (a bedeit emol keng esou grouss Ëmstellung), fir d'aktivitéiten esou ze gestalten, datt se kënnen a sécherer Distanz ee vun deem aneren oder bei Bedarf och mat engem Mond-nuese-schutz duerchgeféiert ze ginn. Vill, wann net esouguer déi meeschten, vun den Aktivitéiten kënnen ouni Problem dobaussen ausgeübt ginn, wat d’anhale vun de Sécherheetsmoossnamen evidenterweis nach méi einfach mécht.
Eis ergëtt sech kee Grond, firwat et schéngt méi geféierlech ze sinn, sech am „Net-sport“-beräich ze treffen ewéi an de Sportsveräiner, ëmmerhin gouf betreffend eis nach näischt gesot. Wann iwwerhaapt, besteet esouguer manner Infektiouns-gefor ewéi do, wou d'aktivitéiten esou sinn, dass ee Kontakt deelweis net ze vermeiden ass. Fir vill Membere vun deene Veräiner, déi am Moment nach net d’erlaabnis hunn, sech erëm dierfen ze treffen, ass d’zesummeliewen am Veräin als Grupp en onerdenklech wichtegt Stéck vun hirem Liewen. Oft hänke ganz Frëndeskreesser un esou Veräiner. Frëndeskreesser, déi sech am Moment zwar treffen däerfen, mee net an där Form déi si zesummebënnt!
Dowéinst fanne mir et wichteg an néideg, datt Représentante vum Staat sech zäitno och mat de Féierungen vun deenen „anere“Veräiner zesummesetzen, fir Verhalensreegelen auszeschaffen respektiv déi allgemenggëlteg Mesuren och fir eis ze validéieren. Fir datt mir eis endlech erëm an engem Stéck Normalitéit zeréckfanne kënnen.
Am Status quo kënnt ee sech d'fro stellen ob de Sportsveräiner vun eiser Regierung ee méi en héije Wäert, wéi allen anere Veräiner zougeschriwwe gëtt. Eng Iwwerleeung, déi op jiddwer Fall grouss Ongerechtegkeete opdeckt, natierlech ass se a kenger Weis als Ugrëff op déi besote Sportsveräiner ze verstoen. Si hale sech genee ewéi all Mënsch just un dat, wat vun der Regierung virgeschriwwe gëtt. Am Géigendeel, mir freeën eis fir si, dass am Sport erëm en Treffe méiglech ass.
Et geet eis op alle Fall dorëms, dass all d’kanner a Jugendlech erëm d’méiglechkeet kréien, hier(t) Hobby(en) ausüben ze däerfen. Och mir Erwuessener géifen eis natierlech iwwer eng deementspriechend Lockerung freeën. A mir sinn eis wuel bewosst, dass den Ausdrock Hobby, fir vill vun eis Benevoller eng Ënnerdreiwung duerstellt, vill méi ass et eng Zort zweet Famill. An der Hoffnung, dass och eng Kéier un eis „aner“Veräiner geduecht gëtt, soe mir am Viraus villmools Merci.
Ciarán Hagen, Scoutschef,
Jonglënster, Thierry Greisch, Scoutschef,
Chrëschtnech