Onse Lockdown huet eppes bewierkt
Op der Welt si bis elo iwwer véier Millioune Leit mam Covid-19virus ugestach. Bei enger Donkelziffer vun 1:10 wären dat iwwer 40 Milliounen. Hei zu Lëtzebuerg si mer bei zirka 4 000 Leit, déi sech säit dem 1. Mäerz ugestach haten. A well mer vill getest hunn, ass ons Donkelziffer sécher vill méi déif. Vun de Kranke sinn der ronn 100 gestuerwen, also zirka 2,5 Prozent. An de Länner, wou de Virus ganz haart zougeschloen huet, si bis zu 15 Prozent vun den erfaassten Infizéierte gestuerwen. Virologe ginn aus vun enger Stierflechkeet vu manner wéi ee Prozent vun der Gesamtbevëlkerung. Dat wiere fir Lëtzebuerg bis zu 6 000 Doudeger, wa praktesch jiddereen infizéiert wier. Bei der „Herdenimmunitéit“(70 Prozent vun der Bevëlkerung infizéiert) wiere mer bei zirka 4 200 Doudeger – praktesch esou vill, wéi normalerweis pro Joer Leit am Land stierwen. Dat ass de sougenannte „worst case scenario“, deen hätt kënnen antrieden, wa mer guer näischt gemaach hätten. [...] A wa mer mol op d’entwécklung vun den offiziellen Infizéiertenzuelen an de leschte Woche kucken, da gesi mir, datt mir mat x 1,19 am beschten ofschneiden, d. h. déi klengste Wuesstemszuelen hunn. Also hunn ons Efforten eppes gedingt. Bei onsen englesche Frënn, a Schweden an an Amerika sinn d’zuelen explodéiert. Sinn dat net déi Länner déi zréckhalend mam Confinement reagéiert hunn?
Yves Göldi,
Diddeleng