Solle mer „berécksiichtegen“berücksichtegen?
Hondsgemeng Iwwerleeungen iwwer hondsgewéinlech Ausdréck, fir datt d’sprooch net op den Hond kënnt, mee „du chien“behält.
Bass de elo frou, eis Sprooch esou ze verhonzen.“Racksdeg! Moies um fënnef op aacht krut ech dee Message, ech hat nach Blatz an den Aen an hunn een Ament elle gestaunt, well déi léif Begréissung gouf souguer – Merci der moderner Technik – op de Smartphone gebeamt, ech war emol nach net richteg zou mer. Et wier wuel och eng Grëtz manner offensiv gaangen oder, wéi een haut seet, firwat esou aggro?
Déi ouni Geblimmels geäussert Klo koum dann och net vun egal wiem, se koum vum Lexikograf vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) himself. Hien hätt do ze soen eppes an den Dictionnaire missen ophuelen, wat eis Sprooch géif verhonzen. An dat schéngt e rose wéi eng Spann gemaach ze hunn. Mech huet dat zerguttstert iwwerrascht, well ech hunn et an deem dote konkreete Fall éischter mat der Kaz gehalen, där dat kee Bockel mécht, weisen awer Versteesdemech, wann een doriwwer schwäiwëll wëllt ginn. Natierlech däerf ee bei sproochleche Froen ëmmer ënnerschiddlecher Meenung sinn an doruechter lafe wéi d’hénger am Juck, mee esou séier ass eng Sprooch net verhonzt a scho guer net mausdout, och déi lëtzebuergesch net, op alle Fall net wéinst engem Ausdrock.
Dir frot Iech elo natierlech mat Recht, ëm wat fir e gutt Wuert et dann iwwerhaapt geet. Et geet net just ëm eent, et geet ëm e ganze Grupp vu Wierder, ëm e Cluster: Et geet ëm Récksiicht, récksiichtslos, berécksiichtegen a Berécksiichtegung, déi elo an den LOD opgeholl goufen. Als Niewevariant vun hire respektiven Haaptvariante mat ü a mat just engem i, also Rücksicht, rücksichtslos, berücksichtegen a Berücksichtegung. Fir den Lod-lexikograf e Sakrileeg, eng ondankbar Aufgab, an anere Wierder: eng Hondsaarbecht!
Den Debat, deen natierlech konstruktiv a mat ville Clin-d’oeilen, also Smileyen, geféiert gouf, fir hei kee falschen Androck entstoen ze loossen, betrëfft am Kär déi dach eescht Fro vum Verlëtzebuergesche vu frieme Wierder: Wat ass ewell zanter Laangem feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Sprooch? Wat ass kloer e Friemwuert? A virun allem: Wat soll eent bleiwen a wat fir eent soll integréiert ginn – wéi a wéini? Dat ass, ech ginn et gären zou, an deenen allermeeschte Fäll grad esou eng berechtegt ewéi däreg Affär. An egal wéi eng Äntwert ee gëtt, se werft ëmmer nei Froen op.
Fir en ettlech Wierder wéi Haus, Keller, Daach ass d’saach kloer, fir anerer manner. Esou kënne mer zum Beispill dat däitscht Verb türmen net einfach mat tiermen iwwersetzen, well et dat schonn am Lëtzebuergesche gëtt an do eppes ganz aneres heescht; loosse mer dem Gabelstapler säin Numm, eventuell Gabelstapeler oder Gabelstaapler geschriwwen, gi mer him dee vun enger internationaler Mark, Clark, fir se net ze nennen, oder kreéiere mer e ganz neit Wuert, z. B. Gafeltässeler oder Pickenhiewer; schreiwe mer friem Wierder no de lëtzebuergesche Rechtschreifreegelen, also Farleerer, Libeslidd an Tifküler, wat muncheree billen a grommelen, knouteren a knurren, haulen a jaulen deet, gläichzäiteg awer déi freet, déi net esou am Däitschen doheem sinn, mécht dat d’orthografie vum Lëtzebuergeschen dach eng Grëtz méi konsequent. Aktuell stellt sech d’fro vun den integréierte Schreifweisen apaart fir englesch Verben, déi grad ganz trendy sinn: liken – gelikt/geliket/geliked, adden – geatt, fir just déi ze nennen. (Hei besteet effektiv nach Klärungsbedarf, mee wat sécher richteg ass, fannt Dir am LOD.)
Hannescht bei eis Ausgangsfro vum berécksiichtegen, déi verhältnisméisseg séier beäntwert war – dee beléifte Spellchecker-tool hat hei nämlech fir e Fait accompli gesuergt. De Michel Weimerskirch hat déi verlëtzebuergescht Variante matzäiten a seng Rechtschreifkorrektur opgeholl an se domat eo ipso etabléiert: Wie berücksichtegen agetippt huet, krut berécksiichtegen proposéiert, wat evidenterweis derzou geféiert huet, datt berécksiichtegen dacks berücksichtegt gouf – fir en Dictionnaire wéi den LOD, dee sech och als Korpusdictionnaire gesäit, kee ganz onwichtege Krittär.
Mee och rational Erklärungen dinn sech gäre schwéier an emotionale Geschichten an esou muss ee kënnen nofillen, datt sech Eenzeler bei berécksiichtegen fir berücksichtegen hondsmiserabel fillen, empfannen se dat dach als hondsfriem, gläichzäiteg fannen se awer vläicht Bedierfnes fir Bedürfnis oder ursprénglech fir ursprünglech ganz hondsgewéinlech.
Et gëtt eeben där enger an där anerer Wierder. Mat Diwwi fir Duvet, Kader fir Cadre, Trëttoir fir Trottoir, Schantje fir Chantier a krenondidjö fir sacré nom de dieu hu wuel déi mannst nach e Problem. Mee hei geet et och ëm Wierder mat franséischen Originnen. Do ass d’grenz deemno wéi méi einfach ze zéien, op d’mannst emol am Singulier, well bei Pluriellen à la Atelier-collectiffen, Etablissementpublicken, Maître-d’hotellen a Procès-verballe kréie verschidde Leit Mippercher. E Bléck an d’luxemburger Wörterbuch (LWB) verréit awer, datt „fréier“méiglecherweis dat Franséischt grad esou gäre verlëtzebuergescht gouf ewéi „haut“dat Däitscht: verdefendéieren, verdëmmëlléieren, verexkuséieren … Bon, bei de Verben ass et wéinst dem Suffix -éieren einfach, mee et fënnt een och Bataklang fir Bataclan, Battaljoun fir Bataillon, Bäselemäng fir Baise la main grad ewéi Monnonk, Mattant a Konterlamonter.
Ass dat alles méi oder manner hondsaarteg wéi Kreatiounen à la héichuechtungsvoll, Uechtsamkeet, Haaptaangelpunkt an Héichséifëscherei? Oder Hänkbréck fir Hängebréck, Hänkmatt fir Hängematt a Wollekekrazert fir Wolkenkratzer? A wéi gesäit et aus mat heikel, hemmen, heldenhaft (1:1 iwwerholl), mat hierkëmmlech, häerzzerräissend, Virgoensweis (verlëtzebuergescht) a mat zécken fir „zücken“an net „zögern“oder eppes hinhuelen wuel fir „etwas hinnehmen“(al Wierder mat neiem Sënn)? Sinn dat alles Honzereien oder ass d’kritik un esou Verlëtzebuergegungsversich einfach nëmmen hondsgemeng? A wou wier d’grenz: Rulltrap fir „Rolltreppe“geet, Rullschong fir „Rollschuhe“manner, Noriicht mat ii ass an der Rei,
Riichtlinn mat ii awer net, Scheibenwischer léiwer wéi Scheiwewëscher, dat selwecht fir Lautsprecher amplaz Lautspriecher, bei gülteg geet awer och gëlteg a firwat net Eenhar fir Einhorn oder Drëpseninfektioun fir Tröpfcheninfektioun?
Hondsaarbecht
Mippercher
Falschen Hond
D’sprooch war, ass a bleift um Dill an am Jumm. E gutt Beispill dofir ass den Ausdrock eppes hikréien fir eppes fäerdegbréngen. Deen Ausdrock héiert een haut allenennen, dofir ass en och logescherweis am LOD, mee an den LWB koum e keemol ran. Antëscht ass en awer etabléiert. Ob een dat gutt oder schlecht fënnt, ass jidderengem selwer iwwerlooss, grad ewéi jidderee fir sech selwer decidéiert, ob en e Wuert bewosst benotzt oder awer express net an de Mond hëlt.
En interessant Beispill ass och hinken, dat weeder am LOD, nach am LWB ze fannen ass, de Spellchecker kennt et awer, souguer mat de Synonymmen humpelen a schlamm goen. Natierlech kann ee bedaueren, wann e (friemt) Wuert riskéiert, en anert (eegent) ze iwwerdubberen. Mee géint säi Verschwanne kann ee jo eppes maachen, wann ee wëllt – et kann een et dokumentéieren a promovéieren, proposéieren an enseignéieren an et kann een et virun allem selwer benotzen …
D’saach mam Verlëtzebuergeschen erënnert e bësselchen un d’schicksal vum – Dir kënnt Iech et wuel denken – Mupp! En ass trei an huet Courage, e follegt gutt an erfëllt seng Flichten, nawell huet dat gutt Déier et schwéier an der Lëtzebuerger Sprooch a féiert do en Hondsliewen. Als Hond bezeechent een ënnert anerem e „Voyou“oder „Filou“: Dee falschen Hond ass mech hannenerëm beschäisse gaangen, dee klengen Hond ka scho gutt Kaart spillen (e fuddelt also schonns drop an derwidder). Et heescht einfach näischt Gutts, wann ee mat engem Hond verglach gëtt: Hien huet e Liewen ewéi en Hond seet een ëmgangssproochlech fir hie féiert e miserabelt Liewen.
Dem Honn hannen
Och déi follgend Ausdréck stamen aus dem LOD a sinn all der Ëmgangssprooch zouzeuerdnen: hien ass bekannt ewéi de geblummelegten Hond [hien ass ganz bekannt]; no der Feier war ech midd ewéi en Hond [no der Feier war ech ganz midd]; ech war d’ganz Woch krank ewéi en Hond [ech war d’ganz Woch uerg krank]; hien huet e Liewen ewéi en Hond ouni Fléi [hien huet keng Suergen am Liewen]; wie frech ass ewéi en Hond, dee lieft ewéi en Här [déi frech Leit kréien ëmmer alles, wat se wëllen]; hien ass den Hond am Keelespill [hie passt net op déi Plaz, well e vill zum Onwee mécht]; hie geet gär mat de groussen Honn pissen [hie lieft gär ewéi déi dichteg Leit]; et gëtt méi Ketten ewéi rosen Honn [et ass derfir gesuergt, datt d’reegelen agehale ginn]; Honn, déi billen, bäissen net [Leit, déi béis schéngen, sinn et dacks net wierklech]; bei deem Wieder jot ee keen Hond virun d’dier! [d’wieder ass ze vill schlecht, fir virun d’dier ze goen!]; nodeem hie gescheet gouf, ass en op den Hond
komm [nodeem hie gescheet gouf, ass e verkomm]; wie mat den Honn schlofe geet, dee steet mat Fléi op [wie sech mat schlechte Leit ophält, deen iwwerhëlt deenen hir Naupen].
Herrlech och dësen Ausdrock: dem Honn hanne wunnen, ëmgangssproochlech fir ganz wäit ewech wunnen. Mat Honn ass hei iwweregens net de Pluriel Honn gemengt, deen et nieft Hënn gëtt, mee eng vereelzten Dativform. Natierlech gëtt et och nach d’bezeechnung Hondséislek fir deen nërdlechsten Deel vum Éislek.
A wa mer schonn derbäi sinn: Hutt Dir schonns eng Kéier eng Hondsaaschdrëpp geschmaacht? Dat ass eng Drëpp aus Héispel (däitsch Mispel). A wann Dir dem Hond den Dësch gedeckt hutt, dann hutt Dir e Wutz vum Hiem aus der Box hänken.
Eng richteg Schatzkëscht, wat de Begrëff Hond ugeet, ass natierlech och d’luxemburger Wörterbuch. Et gëtt doran net nëmmen e sëllege Riedensaarten, mee och tonnen Zesummesetzungen, well Honds- dacks als pejorative Prefix benotzt gëtt: Eng Hondsaarbecht ass – mir erënneren eis un den aarme Lexikograf – eng schwéier oder lästeg oder erniddregend Aarbecht, eng Hondseess ass eng Pautsch an eng Hondsbaatsch eng Peitsch. A wëllt een en anere vernennen, dann ass dee gären emol en dommen, krommen, rouden, falschen, feigen, houeren oder schielen Hond. A wann et net fir d’éischt ass, datt en eng komme gelooss huet, dann ass en ewell bekannt ewéi e gefleckten, gréngen, gepierpelten oder wéi Jouschten hiren Hond.
Aus där Hondshellewull am LWB sief hei just e Grapp erausgegraff (punktuell gekierzt an orthografesch aktualiséiert):
– Vum Faaschte krepéieren d’honn.
– En huet erausgesinn, wéi wann e géif Hondsdrecker rafe goen.
– Wann een en Hond wëllt dout schloen, da seet een, e wier rosen.
– Zwéin Honn un enger Schank maachen elauter Sträit an Zank.
– Deen den Hond net uecht, uecht och den Här net.
– D’honn an d’häre maache keng Dier hanneru sech zou.
– Jidder Hond huet säin Dag [et ass een net ëmmer d’selwecht gutt drop].
– Et stréckt ee keen Hond mat Wurschten un [et bréngt näischt, enger récksiichtsloser Persoun ze fléiwen].
– Et kënnt een iwwer den Hond, mee net iwwert de Schwanz [nodeems een déi grouss Problemer iwwerwonnen huet, trëllt een iwwer Klengegkeeten].
– An den Hondsdeeg huet et nach ni gefruer ... wat am Fong kloer ass, well d’hondsdeeg sinn d’zäit vum 24. Juli bis den 23. August, also déi wäermsten Deeg am Summer, richteg Leidensdeeg. Hondsdeeg erliewe mer jo och grad, richteg hondsfëttescher, also hondsgemenger, an dat net wéinst der Koronasonn, ma wéinst dem Coronavirus ...
Fir nach eng leschte Kéier ze klabootschen: U sech misste mer de Muppen dankbar sinn, well se d’sprooch ëm esou vill Biller méi räich gemaach hunn. La langue luxembourgeoise a du chien! Do soll nach een sech ënnerstoen ze behaapten, eppes verhonze wier ëmmer negativ. Hondsbisewitten och!1
Sproocheschanken
Dem Luxemburger Wörterbuch no sinn „Hondsbisewitten“dat selwecht wéi „Hondsbiscuiten“. Hautdesdaags géif een éischter soen: Quetschen och! Oder: Moie Misch! www.zls.lu