Eisem gudde Frënd Siggi e leschten Äddi
Op Äschermëttwoch koum déi schrecklich Noriicht: De Siggi ass dout! Kee vun äis konnt a wollt dat gliewen, well et einfach net däerft wouer sinn! An dach, de Siggi war ganz plëtzlich, ouni irgendeng Virwarnung, aus dem Liewe gerappt ginn!
Als Dikricher gouf de Siggi 1969 gebuer, an hien huet och ëmmer zu Dikrich gewunnt.
Hien huet d’hotelschoul gemaach an ass duerno an den IBIS Findel schaffe gaangen. Hien ass jarelaang niewelaanst ueschtert d’land mat e puer Kollegen zervéiere gaangen; de Kontakt mat de Leit war him ganz wichtig.
Zënter September 2002 war hien éducateur-instructeur an der Dikricher Maison Neiers, besser bekannt als CNDS Wunnen, eng Ënnerandeelung vum Comité National de Défense Sociale, a war bis de leschten Dag dëser Institutioun trei bliwwen. Hien huet vill Aktivitéite mat de Leit gemaach an huet mat hinne gekacht, eppes wat hie gutt konnt. Seng Missioun war et, dës sozial schwaach Leit ze begleeden an hinnen an hirem Alldag ze hëllefen. Hien hat keen Aacht-stonnen Dag, an hie war och alt mol kräftig gestresst. Hie war duerch seng sozial Oder predestinéiert fir dëse Beruff.
De Siggi war als jonke Bouf an de Fechtclub gaang, huet sech als Sportler getest an huet mat senge Schoul- a Fechtkomeroden och alt déi eng oder aner gestëpst, wat jo och net anormal war. Hien hat awer séier gemierkt datt d’sangen him besser géif leien, an huet als schmocke Kerelchen an de Petits Chanteurs am Sopran ugefaangen. Paralell dozou ass hie mat 16 Jar an de Kierchechouer gaangen. Als eenzige ganz Jonke souz hien deemools ganz andächtig a respektvoll tëschend gestanene Männer; haut mat 50 Jar verléisst hien de Männerchouer als ee vun de jéngste Memberen. Seng markant déif Stëmm hat hien an den 2. Bass geleet, wou hien een eidele Stull hannerléisst dee ganz schwéier ze besetze wäert sinn! Sou wéi de Brimmeyesch Jang, eise fréiere Sekretär, ze fréi gestuerwen ass, sou muss eise Sekretär Siggi d’welt nach vill méi jonk verloossen. Seng détailléiert Jaresrapporte wäerten äis an Zukunft sécherlech feelen.
Wéi de Kirchechouer 2015 säin 125. Anniversaire preparéiert huet, war hien ee vun der éischter Stonn fir mat sengem Organisatiounstalent, mat vill Sachkenntnis a Kompetenz eng immens Aarbicht ze leeschten. Mat enger Ekipp vu Kollegen aus dem Organisatiounskomitee an enger Partie vun eisen Dammen hat hien d’missioun, an engem Jar 17 net där klengster Receptiounen ze organiséieren, an déi goufen all mat vill Talent duerchgezunn! De Siggi war iwwerall ze fannen, jee, sou ee gëtt allgemeng als Schaffpäerd bezeechent.
Genau sou aktiv wéi hien op den Duerffester zu Wathermal (B), senger Mamm hirem Heemechtsduerf, war, sou huet hien och am Cäciliëveräin matgeschafft bei Familljepicknick, Hämmelsmarsch, Ausfluch asw. Hien hat och tëscht dem Cäcilieveräin an dem Duerfveräin vu Wathermal eng laangjärig frëndschaftlich Bezéiung opgebaut.
De Kontakt mam Kölner Männer-gesang-verein zënter 2015 war och eng vu senge Leidenschaften. Déi gemeinsam Organisatioun vum ausverkaftene Galaconcert vun dësem 150 Mann staarke Chouer an der Dikricher Kierch den 2. September 2016 war fir hien een Highlight a senger Veräinsaktivitéit.
Gala- a Chrëschtdagsconcerten zu Köln, genau sou wéi den Divertissementchen, ware seng Stärestonnen. Anerhallef Woch viru sengem Doud, de 14. Februar 2020, waren en etlich Sänger zesumme mat him nach zu Köln gewiescht; den Datum vum nächste Jar steet well fest, déi Kéier leider ouni Siggi:
„Wir danken ganz herzlich unseren Freunden des Kölner Männer-gesang-vereins für ihre Anteilnahme, insbesondere den Herren Schwieren, Rickert und Hollander für Ihre Präsenz bei der Abschiedszeremonie am 7. März in Diekirch. Siggi hat ein großes Verdienst an der bereits 5-jährigen gesanglichen und inzwischen freundschaftlichen Verbindung zwischen den zwei Chören.“
Geselligkeet luch dem Siggi ëmmer uewen, dat war him ganz wichtig. Hie war ëmmer do wou et geheescht huet eng Hand mat unzepaken, an och do, wou et eppes ze feiere ginn ass. Do wou mer mol gefeiert hunn, huet hien och mol Limoncello an aner Likören aus senger hauseegener Produktioun matbruecht. Sougutt déi wéi och seng Tartare-bréidercher waren net ze toppen!
Wéi viru gutt zwielef Jar säi Papp doudkrank war, ass de Siggi méintelaang all Dag an d’klinik bäi hie gefuer, bis e gestuerwen ass, a genee d’selwicht huet hie gemaach bei senger kranker Mamm, déi am Summer 2018 vun äis gaangen ass. Hien hat an Zäit vun zwee bis dräi Jar véier vu senge Familljemembere verluer. De Siggi hat ganz vill fir seng Leit iwwrig,
Sou hu mir an eisem Veräin de Siggi kannt, als liewesfrouen, sympathischen, hëllefsbereeten an dynamische Mënsch, an als gudde Sänger! Mir wäerten hien, seng Geselligkeet a säin häerzhaft Laachen ëmmer vermëssen!
„In paradisum angeli …“
Léiwe Siggi, rou lo am Fridden, mir halen Dech an Erënnerung an eisen Häerzer, Du behäls deng Plaz an eiser Mëtt um Ducksall! Mir sinn all frou an dankbar, Dech kannt a mat Dir déi lescht 34 Jar erlieft ze hunn!
Merci Siggi, au revoir!
Fränz Schaack a Jean-marie Dillmann fir de Cäciliëveräin Dikrich
deducant
te