Kaméidismécher op zwee a véier Rieder
Ech bezéie mech op den Artikel vum Här Jean-paul Beck, deen de leschte Samschdeg publizéiert ginn ass an dee sech op de Kaméidi vun de Motorrieder bezitt. Den Artikel hunn ech mat vill Interessi gelies a sinn absolutt mat dem Inhalt averstanen, ëmsou méi, wou ech fannen, dass dee Kaméidisproblem net ofhëlt. Ech ginn dovun aus, dass d’kontrollstatiounen an d’police dee Problem och kennen. Ech weess, dass d’kontrollstatiounen de Kaméidi moossen, ech kéint mir och virstellen, dass d’moteure respektiv den Auspuff sech vläicht relativ einfach ëmstelle loossen an esou net bei deene Kontrollen opfalen. Dofir wär et dach absolutt néideg, dass och esou Kontrollen op der Strooss géifen duerchgefouert ginn, andeem een zum Beispill bei de Radaren och en Dezibelmeter géif ubréngen. Domat hätten d’instanzen de Problem wahrscheinlech séier am Grëff. J.-Y. Calmes,
Schëtter
Dëst ass eng Reaktioun op de Lieserbréif „Krachmacher auf zwei Rädern“vum 23. Mee.