Net just Corona
Firwat et wichteg ass, och emol erëm anere Sujeten an eiser Gesellschaft Plaz ze maachen
Säit dräi Méint kréie mir all Dag eng knallrout Statistik gewisen, déi d’gesamtzuel vun den Infektiounen a Covid-19-doudegen opweist. Datt déi Zuel ëmmer méi grouss gëtt, ass evident an et mécht Angscht. Dat soll et wuel och. D’angscht als Mëttel zum Zweck war warscheinlech uganks berechtegt an de Lockdown konnt wuel doduerch esou effikass ëmgesat ginn.
Mech stéiert awer déi lescht Wochen ëmmer méi, wéi eist Verhalen duerch d’medien (an déi kréien et wuel vun der Politik esou suggeréiert, vläicht souguer mam Argument vun der nationaler Sécherheet) konditionéiert gëtt.
Ech stelle fest, datt permanent probéiert gëtt en Drotseelakt ze vollzéien tëscht Angscht maachen, fir esou séier restriktiv Reegele kënnen duerchzesetzen, an trotzdeem eng Massepanik z’evitéieren. All Dag déi Gesamtzuel vun Infizéierten an Doudegen ze weisen ass e bëssen, wéi wa mir all Dag géingen eng Grafik gewise kréien, wou säit der Entsteeung vun der Mënschheet all Doudegen opgewise gëtt. Keng motivéierend Statistik …
Fir Panik ze verhënneren, gëtt gläichzäiteg d’statistik duerch e puer Zeilen Text kompletéiert. Allerdéngs ass dësen zimmlech variabel an et gouf zum Beispill uganks séier vun der Moyenne op d’mediane gewiesselt. Lo kréie mir dann erkläert, datt de Reproduktiounstaux ënner 1 läit, wat berouege soll.
Ech sinn der Meenung, datt et un der Zäit ass fir eng e bësse méi recherchéiert Berichterstattung a plaidéieren dofir, net all Dag einfach Zuelen erauszeginn. Dat géing anengems erméiglechen, de Fokus vun eiser Gesellschaft vum Virus ewechzehuelen an mol rëm anere Sujeten, déi och fir eis Gesellschaft wichteg sinn, Plaz ze maachen. Et sollt een a mengen Aen ophalen, Angscht ze maachen an dofir méi op de gesonde Mënscheverstand setzen. Mir sollen un dat Gutt am Mënsch gleewen a rëm méi op d’eegeverantwortung setzen an de Leit d’méiglechkeet loossen, hir eegen Ziler an hir eegen Zukunft souwäit wéi méiglech ze verwierklechen. Angscht als Mëttel zum Zweck ass definitiv laangfristeg schiedlech fir eis Gesellschaft.
D’sécherheetsgefill ass eis all immens wichteg – grad a Krisenzäiten – an trotzdeem solle mir dofir net aner Prinzipie wéi déi vun der perséinlecher oder der Pressefräiheet opginn.
Dëst erënnert mech un eng Geschicht, déi ech mengem Meedchen dacks virliesen: E Bier, deen zu vill Sue kënnt, verschanzt sech ëmmer méi a riskéiert, paranoid ze ginn an ze vereinsamen. De Schusch awer geet op de Bier duer an hëlt e mat bei seng Frënn, wou de Bier mierkt, datt seng Ängschten onbegrënnt waren.
Ech denken, et ass un der Zäit, fir amplaz vun Angscht als Emotioun op Wäerter wéi Transparenz, Vertrauen a Kooperatioun ze setzen.
Kommt, mir gi rëm méi een op deen aneren duer an halen op, wéinst eisem Bedierfnis no Sécherheet eis Fräiheet opzeginn. Kommt, mir halen op, nei Maueren an eise Käpp ze bauen a mir probéieren, alles drun ze leeën, fir zesummen, solidaresch a gestäerkt aus dëser Kris erauszegoen. Bleift gesond! Bleift optimistesch!
Fréd Ternes,
Iernster