Déi aner Klack
Als Ofwiesslung emol ee grousse Merci un d’blannenheem
Zäit, fir all Dag mat de Bewunner an d’loft ze fueren an och all Dag bei d’leit an Zëmmeren ze goen a mat hinnen e puer frëndlech an opmonternd Wierder ze schwätzen a si an hiren individuelle Gewunnechten an Aktivitéiten ze fërderen.
Mir sinn alleguer getest ginn. Mir hunn hei am Haus kee positive Fall, weder bei de Bewunner nach beim Personal. Domat ass jo kloer bewisen, datt d’direktioun an dëser Saach ganz richteg gehandelt huet, an datt och d'personal ganz gutt op sech an op eis opgepasst huet.
Elo froen ech Iech: Wier et besser geweescht, mir wieren net ëmmer am Zëmmer bliwwen a mir wiere fräi dorëmmer zirkuléiert a wieren doduerch mat Sécherheet krank ginn, a léiche villäicht schonns um Kierfecht? Dräimol dierft Dir roden, wat ech léiwer hunn.
Wat d’iessen ubelaangt, kann ech nëmmen op dat bekannte Spréchwuert hiweisen, dat do heescht: „Wien doheem net vill huet, deem ass dobaussen näischt gutt genuch.“Wat de Präis betrëfft, muss ech Iech froen, ob Dir selwer akafe gitt? Wa jo, da muss Dir dach och gesinn, datt ëmmer iwwerall alles méi deier gëtt.
Wann ech gär ee Renseignement hätt, dann hunn ech ëmmer eng frëndlech a korrekt Äntwert kritt, souwuel vun der Direktioun wéi och vum Personal. Wat d’fleeg betrëfft, do kann ech nëmme fir mech schwätzen a soen, datt déi aussergewéinlech gutt ass an datt d‘personal ganz frëndlech an och ganz kompetent ass.
Deenen 30 onzefriddene Famille kann ech nëmmen de Rot ginn, si sollen hir Leit aus dem Blannenheem eraushuelen, da wären hir Problemer geléist. A mir hätten eis Rou.
Fir ofzeschléissen, wëll ech der Direktioun an dem ganze Personal ee grousse Merci soe fir hir Frëndlechkeet an déi wierklech aussergewéinlech gutt Aarbecht, déi vun hinne gemaach gëtt.
Ech wënsche mir perséinlech, datt ech nach laang hei am Blannenheem a Gesellschaft mat all deem léiwe Personal zesummeliewe kann.
Raymond Braun am Numm vun de Bewunner Alice Kayser, Suzanne Biermann, Marguerite Magerotte, Christophe
Klein, Jean-pierre Barriviera, Alice Kroemmer, Maria Spiewak, Alice Schaack an Elsie Paulus
Rollingen