Do géing all Hygienist de Kapp rëselen
Well den Infektiounsrisiko ze grouss ass, däerfe mir eis zënter Corona net méi d’hand ginn. Firwat ass et dann a Supermarchéen erlaabt, fir mat enger Pince Bréidercher a Mëtschen ze huelen? Déi Pincë gi vun Hand zu Hand. Ass do den Infektiounsrisiko net gläich grouss, ewéi wa mir eis d'hand ginn. Op Nofro an der Direktioun vum Supermarché krut ech gesot, dat déi Pincen all Stonn eng Kéier desinfizéiert géingen. Ech mengen, do géing all Hygienist de Kapp rëselen. Ech hunn och scho Leit gesinn, déi d’bréidercher gedréckt hunn, fir festzestellen, ob se knusprech oder mëll sinn. Muenchmol fält e Bréidchen erof an da gëtt et ewéi selbstverständlech erëm zréck an d’regal geluecht. Wier et elo net un der Zäit, fir mat deem Selfservice-verkaf opzehalen? Misst do net Personal stoe mat Masken an Händschen? Déi géingen d’wuer an déi gutt al Pabeierstuten, ouni Sichtfënster aus Plastiksfolie, leeën. Esou laang dat net ännert, kafen ech nach just Baguetten an Tuten a Mëtschen am Plastik. Et huet ee sech séier mol, nodeems een d’pince ugepaakt huet, an d'gesiicht gegraff, fir de Mask festzedrécken, dee sech ënnert dem Brëll verréckelt huet. Och gesond Leit si mol midd a gestresst, an esou méi vulnérabel. Wëlle mir de Virus meeschteren, musse mir versichen, all méiglech Infektiounsquell ze ënnerbannen! Dorothée Müller-mathieu,
Schëffleng