Kee Wuert op Lëtzebuergesch
Iwwer d'prozedur vun de Covid-19-tester
D’invitatioun, fir de Corona-test ze maachen, ass an dräi Sproochen, ma net op Lëtzebuergesch.
Merci emol, fir unzefänken. Meng Ufro iwwer de PC: fir d'éischt Code aginn. OK. Dann e puer Rechenaufgaben ze léisen! Ass dat aus Sécherheetsgrënn? Dann e ganze Koup Privatdaten aginn. Wou bleift do den Dateschutz?
Ech kréien d'bestätegung no enger halwer Stonn. Am Test-center selwer: De Code gëtt gefrot, steet awer net esou op der Bestätegung.
Do brauch een nëmmen eng CID an d'bestätegung selwer. Mat vill Gedeessems – de Bols
Den Auteur vum Lieserbréif beklot sech, datt d'invitatioun net och op Lëtzebuergesch ass. fänkt un ze klammen, ech bleiwen awer géint mäin Naturell roueg – a mat der CIC, der Carte sociale an der Bestätegung kréien ech den OK fir an den Test. Do leeft dann alles reibungslos of, an dat ass positiv. De Bols ass och nees op Normaltemperatur. Mäi Resultat: Test negativ. Trotzdeem e grousse Merci un d'leit aus dem Test-center. Si ware frëndlech a si maachen hiren Job, ma kee Wuert op Lëtzebuergesch. Schued!
Marcel Schiltz,
Bech