Covid-tester: Ech fille mech net ugeschwat
An der Press hunn ech doriwwer gelies. Jo, ech wëll mech teste loossen! Du kënnt den offizielle Bréif mat der Invitatioun fir den Test. Ech kucken an d'enveloppe a fannen eng Invitatioun op Franséisch, eng op Däitsch, eng op Englesch an eng op Portugisesch. An déi Lëtzebuergesch? Ech fille mech net ugeschwat. Ech loosse mech net testen! Christiane Moes,
Schwéidsbengen