Alles mat Abstand
DE SITP seet DEM VIVIANE DAMAN MERCI
Péiteng. Mat Abstand huet dëst Joer d’generalversammlung vum Syndicat d’initiative et du tourisme (SITP) vu Péiteng stattfonnt. An Uwiesenheet vum Buergermeeschter Pierre Mellina, gouf d’versammlung vum President Roland Breyer lancéiert.
Nodeems d’sekretärin den Aktivitéitsbericht 2019 virgedroen huet, gouf si vum President mat engem schéine Bouquet Blumme geéiert fir déi eelef Joer ganz gutt Aarbecht, déi si fir de Syndicat geleescht huet, ënner anerem zanter e puer Joer an der Funktioun als Sekretärin. Datt si dës Funktioun elo opgëtt, wëllt awer net heeschen, datt si dem Syndicat net erhale bleift. Mat engem Maufel an engem Patt gouf d’versammlung ofgeschloss.
Wéi gesot: alles mat Abstand.
Jean Weiler via mywort.lu