De Willy Migy huet seng 90 Joer gefeiert
Branebuerg. Am Krees vu senge Kanner huet de Willy Migy viru Kuerzem seng 90 Joer gefeiert. Gebuer gouf hien am Eislek zu Branebuerg, wou hien och an d’primärschoul goung. Dono huet hien d’schneiderhandwierk geléiert. Beim Schneidermeeschter Leonard Weiler zu Branebuerg huet hien och de Choralgesank geléiert. Vun do u stoung all Dag Sangen um Programm. Zu Steebrécken ass hien 1953 mam Anny Molitor bestuet ginn, déi leider schonn 1999 gestuerwen ass. Aus dësem Bestietnes sinn d’yvette, d’romaine an de Carlo ervirgaangen. De Willy huet véier Enkelkanner an dräi Urenkelen. Zu Steebrécken huet de Willy 1954 op Urode vum „Koschter Ern“de Poste vum Dirigent vum Steebréckener Chouer iwwerholl. Domat ass seng Dirigentenzäit ugaang. Nodeems hie pensionéiert war, ass hien erëm op Branebuerg geplënnert, wou hien dunn de Poste vum Dirigent iwwerholl huet. Gläichzäiteg huet hien zu Méchela dirigéiert. Dunn huet hien d’chorale St-hubert zu Mierschent iwwerholl. Hien huet och de Jeeërchouer vun Housen dirigéiert, wou säi Frënd Néckel Jacobs dobäi war. Als grouss Iwwerraschung fir de Willy si „seng Sänger“nomëttes ugetrueden, fir him e puer flott Lidder ze sangen. Säit Kuerzem wunnt hien an der Residenz am Park zu Bäerdref. Fir seng 90 Joer géif de Willy gären eng Mass vum Camille Rodenbour a senge Chéier vu Branebuerg-laaschent-baastenduerf a Mierschent dirigéieren. Fernand Tarpani via mywort.lu