Noruff fir de Camille Haupert
Merci an Äddi Camille
De 4. Mee 2020, een Datum, dee mir esou bal net wäerte vergiessen. Et war deen Dag wou s du, Camille, de Kampf géint déi fuerchtbar Krankheet opginn hues, un däers du esou laang gelidden hues ouni ze kloen, fir déi Leit, déi ëm dech waren net ze beonrouegen an an Angscht ze versetzen. Wéinst dem Corona koum nach eng weider Epreuve fir dech an deng Famill derbäi. Du waars eleng a verlooss, wéi s du gestuerwe bass, well et deene Leit, déi s du gären has, net erlaabt war, dech um leschte Wee ze begleeden.
Camille, du waars mat Leif a Séil Pedagog. Mat vill Kompetenz a grousser Leidenschaft, an awer och mat vill Mënschlechkeet, Stil a Gerechtegkeet, hues du als Schoulmeeschter am Primaire an am Complementaire, vun 1970 bis 1994 zu Stengefort, an duerno als Chargé de direction am Escher Lycée, deng Flicht a Missioun am Schoulwiese perfekt erfëllt.
Du waars een engagéierten a joviale Mënsch, dee sech ëmmer fir d'schüler an d'schoul agesat huet.
Esou hues du och zu Stengefort de Posten als President, bei der Grënnung vum Comité de Cogestioun 1982 ugeholl an dat 12 Joer laang bis de Complementaire ofgeschaaft gouf, an du dunn op Esch an de Lycée préparatoire gewiesselt bass.
Du waars ee Mënsch an Aarbechtskolleeg, deen duerch säi staarke Charakter a säin onermiddlechen Asaz, ville jonke Kolleeginnen a Kolleege gehollef huet, hir Iddien a Methoden an der Schoul duerchzesetzen.
Du waars och e geschätzten Interlocuteur beim Inspektorat, wann iwwert d'schoulorganisatioun oder iwwert d'gerance vum Schoulbudget diskutéiert gouf.
Mir hu vill zesumme geschafft, souwuel an der Schoul wéi och privat, zesumme gelaacht a gefeiert an och heiansdo gestridden. Du hues jidder Mënsch seng Meenung respektéiert, a wann et och emol méi hefteg Diskussioune waren, deen aneren Dag war dat alles vergiess. Du waars ni nodroend.
Am Private waars du een Allroundman an ëmmer hëllefsbereet, sou wuel beim Bauen, Plätterchersleeën, Usträichen, Kachen an esou weider. Dobäi waars du och nach een engagéierte Gewerkschaftler an hues ëmmer alles kritesch ënnert d'lupp geholl, wat vun uewen diktéiert a verlaangt gouf
Däi Motto war, ewéi et an engem Lidd esou schéin heescht: „Everything I do, I do it for you.“
Camille, am Numm vun denge fréieren Aarbechtskolleeginnen a -kolleegen a Comitésmembere vu Stengefort, wou s du 25 Joer aktiv waars, soe mir dir Merci fir déi vill flott Momenter, déi mir konnte mat dir erliewen a fir alles, wat s du hei am Schoulwiese geleescht hues. Et war eng flott a kollegial Ambiance mat dir zesummenzeschaffen.
Denger Liewenspartnerin Marianne, dengen zwee Jongen, dem Tom an dem Yves mat hirer Famill, dengen zwou Schwësteren, Malou a Marie-jeanne, sou ewéi dem Tania mat senger Famill, dem Annette an denger ganzer Famill, drécke mir eist häerzlechst Matgefill aus.
Mir wäerten eis ëmmer mat Respekt an Dankbarkeet un dech, Camille, erënneren.
Merci an Äddi Camille Deng fréier Aarbechtskolleeginnen a -kolleegen aus der Schoul vu Stengefort