Musikaleschen Asaz fir d'krichsaffer
De Clairon de la Résistance, den Edmond Faber, gouf Officier de l'ordre de Mérite
Lëtzbuerg. Bei Geleeënheet vum Nationalfeierdag vun dësem Joer krut de Clairon national d’honneur de la Résistance fir säi laangt, fräiwëllegt Engagement vum Staatsminister Xavier Bettel d'medail vum Offizéier am Ordre de Mérite du Grand-duché de Luxembourg iwwerreecht.
De Premierminister huet dem Jubilar Merci gesot fir säin onermiddlechen, musikaleschen Asaz bei deene ville Gedenkzeremonien un den Zweete Weltkrich.
Schons ugangs den 1980er-joeren, um Conservatoire, hat deen deemolege Clairon national, Johny Schmidt, ganz séier erkannt, datt dee jonken Trompettist eng grouss Sensibilitéit fir d'undenken un d'affer vum Zweete Weltkrich hätt. Hien huet him, deem seng Famill am Krich ganz an der Resistenz engagéiert war, lues a lues
Den Edmond Faber krut Merci gesot fir säin onermiddlechen, musikaleschen Asaz bei deene ville Gedenkzeremonien un den Zweete Weltkrich. d'sonnerien an déi patriotesch Lidder bäibruecht. An engem ganz grousse Vertrauen zuëneen hunn de Johny Schmidt an den Edmond Faber 40 Joer am Duett vill Zeremonie verschéinert. Dem Edmond Faber säi musikaleschen Asaz begrenzt sech net eleng op Lëtzebuerg, mäi hien hat och dacks eng nobel Missioun am Ausland mat Gedenkzeremonien zu Hinzert, Mauthausen, Auschwitz/birkenau, Leubus a Boberstein a Schlesien, Groß-rosen, Lublin/majdanek, Slonk (Sonnenburg) a Polen, zu Lidice an Tschechien, Macon, um Mont-mouchet, zu Colleville-surmer an der Normandie, zu Paräis an der Cathédrale St-louis des Invalides, an der Sandkaul zu Natzweiler/struthof an um Graf vum Generol Charles de Gaulle zu Colombey-les-deux-eglises.
Dan Lepage via mywort.lu