Bauchwéi! A firwat dat alles?
Bis lo gouf mat ugezunner Handbrems déconfinéiert, a lo probéiere mer ze sprinten
Dënsden, 30. Juni 2020. Zanter e Sonnden den Owend hunn ech Bauchwéi. Beim Gedanken, wéi et weidergeet. Bei der Virstellung vu volle Klassesäll. Zanter déi Zuelen nees an d’Luucht gaange sinn (déi vu leschte Samsden z. B. (44); net d’Méindeszuelen, dat si jo Sonndeszuelen). Zanter d’Meldunge vun isoléierte Fäll kommen (et gouf jo net just eng grouss Party?).
Mäi Bauch deet also wéi, a lo solle meng Schüler am Lycée (fir de Virus jo keng Kanner méi) nees zesummen an de Klassesall? Firwat? Ech fille mech net wuel derbäi; och si verstinn de Sënn net. Verschidde Schüler hunn d’Übungswochen immens gär gehat (schéine Bonjour vum Jogging), d’Motivatioun an d’Energie si lo nach eng Grëtz gefall.
Ëm Léiere geet et jo wuel net méi, oder? Rëmgesinn an e schéinen Ofschloss? Jo, mä net zwielef Deeg laang. Mam Léiere war souwisou eppes falsch verstane ginn, mä et ass, mengen ech, net hir Schold. „Déi schlechtst Note zielt net“heescht „déi läscht Prüfung zielt net“, wat bedeit „mir mussen net méi fir déi läscht Prüfung léieren“. Lo hunn ech nach fei Schüler, déi zum gréissten Deel matschaffen.
Mäi Bauch deet wéi, well mäi Kapp net méi nokënnt mam Iwwerleeën, wat da lo d’Konsequenze kéinte sinn (sou ass et mir dach schonn eemol gaangen?). Wéi wäit gi mir zréck? Den ongewëssen Ufank vum Lockdown an déi Multiple Aarbechten waren immens ustrengend. D’läscht Woch war dach nach alles gutt. Mir hunn eis ugepasst gehat, an un de luese Biergop gewinnt. A lo ginn d’Infektiounszuelen am Grand-Duché biergop an zäitgläich ginn et Lockerungen/Ännerungen an der Schoul. Hate mir ze vill Loscht, dass de Virus riwwer ass? War d’Ophiewe vun 6-, 10- oder 20-Limitten e falsche Message? Musse mir eis lo nees ëmstellen? Eng 5. Rentrée, pardon Sortie, doduerch, dass d’Klassen exponentiell an d’Quarantän musse goen?
Ech spiere mech och onwuel mam Ophiewe vun A- a B-Gruppen (meng eege Kanner mengen, mäi Fach géif sou heeschen), well ech et net novollzéie kann. Bis lo gouf mat ugezunner Handbrems déconfinéiert, a lo probéiere mer ze sprinten? An engem vu menge Klassesäll sëtzen d’Schüler (net hir Bänken) 80 cm auserneen. Si verstinn de sanitäre Paradigmewiessel och net.
Ech stelle mer och d’Fro vun der pädagogescher Plus-Value. All weidere Wiessel fannen ech éischter manner pädagogesch. Den Enseignanten hire Plang ass nees eng Kéier op d’Kopp gehäit ginn, d’Schüler musse sech alt nees ëmstellen, oder loossen et einfach sinn.
D’Ophiewe vun A- a B-Gruppen huet (op mannst am Lycée) quasi déi läscht Energie a Motivatioun opgehuewen. En plus gouf am Primaire eng Duebelwoch vun Übungs- a Schoulwoch einfach matten dran ofgebrach (fir mech en ongeschriwwent Gesetz vu Fair Play, dass ee wärend der Partie keng Reegelen ännert a se net wärenddeem ënnerbrécht).
Et strengt mech un, dass meng eege Kanner sech vill mussen ëmstellen. Si hu vill (a gutt) agestach an der Kris. All Neierung mécht si midd, an dat dierfen d’Elteren aushalen an opfänken. Dat eent kräischt fir deen 1. Dag dës Woch nees an d’Spillschoul (moies sot et „Angscht“, mëttes seet et „cool“), si hunn hir kleng Gruppen immens agreabel fonnt, Schoul an der Maison Relais war spannend, Maison Relais an der Schoul war spannend, et ware véier flott Wochen (Merci allen Acteuren dofir!), déi temporär Éducatrice war d’Lieblingséducatrice ginn (a lo ass „temporär“riwwer), Turnen (a Schwammen) als fixen Horaire ass net zréck an déi domat verbonne Virfreed och net, een anert Kand ass trotz A/BOphiewen awer net méi mat sengem beschte Kolleeg am Grupp, an ausserdeem gouf et e Méinden onugekënnegt eng drëtt nei (logistesch logesch) Gruppekonstellatioun fir dëst Schouljoer.
Et ass ee jo flexibel, mä lo si vill Schüler, Enseignantë an Eltere midd.
Carmen Schares Mamm a Proff Proff a Mamm