Luxemburger Wort

Gedanke vun enger Schülerin

-

Dëse Bréif riicht sech un eisen Educatioun­sministère, deen déi läscht Woch decidéiert huet, dass béid Gruppen (A a B) elo nees gemeinsam an d’Schoul ginn. Jo, Här Meisch, Dir hat Recht mat deem, dass sech vill Schüler, virun allem déi méi jonk, sech driwwer freeën, nees gemeinsam an d’Schoul kënnen ze goen. Mee ass dat de Risiko wäert? Nee. Ech sinn op enger 3e C am Lycée Michel Rodange a sinn immens enttäuscht iwwer déi Decisioun, déi läscht Woch getraff gouf. Ech hunn dese Lieserbréi­f dënschdes, den 30. Juni, geschriwwe­n, dat heescht zwee Deeg no der sougenannt­er „3. Rentrée“. Innerhalb vun deenen zwee Deeg gouf vun dräi aktive Fäll aus dem Lycée Aline Mayrisch an aus zwou Déifferden­ger Primärscho­ulsklassen a Quarantain­e beriicht. Innerhalb vun deenen zwee Deeg goufe weder eng fix Maskepflic­ht, nach aner Mesuren annoncéier­t. De Gesondheet­sministère huet sech als „besuergt“geäussert zu der aktueller Situatioun, an et wier Är Flicht, elo Mesuren ze ergräifen. Här Meisch, mir si bei eis zu 28 an der Klass. Wéi all gutt Iwwerleeën­de misst Dir doraus schléissen, dass mir onméiglech 1,5 m Ofstand kënnen halen. Och bei méi klenge Klassen ass dat einfach onméiglech. Eis Busser si méi wéi iwwerfëllt. Mir sinn dem permanente Risiko ausgesat, eis ze infizéiere­n. Ech hunn Angscht an ech sinn net dat eenzegt. Ech hunn net Angscht ëm mech, Här Meisch, mä ëm déi Leit, deenen et manner gutt geet wéi mir. An et ass einfach irresponsa­bel, wéi Dir gehandelt hutt. Dass nëmmen nach zwou Woche Schoul sinn, dat ass eng Excuse, déi net valabel ass. Ech bieden Iech heimat, wannechgel­ift Mesuren ze huelen, déi fir jidderee gëllen an jidderenge­m de beschtméig­leche Schutz bidden. Laura Marx,

Sandweiler

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg