1 843 fir d'Petitioun 1584
„Ons nei Heemecht, Besser liewen zu Lëtzebuerg“
1 843 elektronesch Ënnerschrëfte sinn zesummekomm fir eis Petitioun „Ons nei Heemecht, Besser liewen zu Lëtzebuerg“. Mir wollten, dass Liewensqualitéit, Solidaritéit, Gesondheet an Nohaltegkeet zu dauerhafte Prioritéite fir dat politescht Handelen zu Lëtzebuerg erkläert ginn. Mir wollten, an dëser gréisster gesellschaftlecher Kris, déi mir jee erlieft hunn, net nëmmen nokucken, ma eegen Initiativ weisen. Mir wollten en Debat iwwer weesentlech Wäerter, dee mam Virus definitiv aus der Politik verschwonne war. Mir wollten ze verstoe ginn, dass mir zu méi sinn, déi no der Corona-Kris net einfach hannescht wëllen, an de verréckte Liewensrhythmus vu virdrun. Mir hunn eis an eisem Text bewosst op Grondwäerter beschränkt, well et d’Aarbecht vun der Politik gewiescht wär, Moossnamen a Mechanismen anzeféieren, fir déi Wäerter ëmzesetzen. Esou wollte mir méiglechst vill Leit erreechen, wat mat engem Moossnamekatalog sécher méi schwéier gewiescht wär, well do, och wann ee sech am Prinzip eens ass, d’Meenungen ausenaner ginn.
An eisem klenge Kampf hu mir gemierkt, wéi ustrengend et ass, wann ee sech als Bierger Gehéier wëll verschafen, wéi zréckhalend d’Leit am Engagement sinn, wann et net ëm eng Ee-Punkt-Petitioun geet, vun där ee sech direkt e Gewënn erwaart, a wéi ee vu ville Säite Steng an de Wee getässelt kritt. Sou si mir vu verschidde Säiten als naiv Idealisten duergestallt ginn, déi mengen, si kéinten d’Welt retten, als Egozentriker, déi sech als Helleger an Zeen setzen, als Naschtbeschmotzer, déi géint de
Fändel an d’Natioun ginn. Opfälleg war, dass sou pauschal Verurteelunge souwuel vu Lénksintellektuellen, wéi vu Rietspopuliste koumen.
Och d’Diere vun de Medien, mat enger eenzeger Ausnam, sinn eis zougemaach ginn, Lieserbréiwer net verëffentlecht ginn, eis Nofroen onbeäntwert bliwwen. Verschidde Journalisten hunn eis souguer perséinlech Lektiounen erdeelt an op d’Fangere geklappt. Do, wou déi, déi un der Muecht sinn, Dag fir Dag op den éischte Säiten an an der prime time eng Kuliss fir hiert Uleies gebuede kréien, do trëfft de Bierger, mat deem eenzege politeschen Drockmëttel, wat him zur Verfügung steet, op zouen Dieren. Och Parteien, grad ewéi Organisatioune mat ähnlechen Ziler, hu sech, mat ganz wéinegen Ausnamen, net hannert d’Grondwäerter vun der Petitioun gestallt.
An awer hu mir zu 1 843 festgestallt, dass mir net déi eenzeg sinn, déi fannen, dass et méi dréngend wéi jee ass, eng aner, besser Liewensqualitéit ze schafen. E grousse Merci dofir un all d’Signatairen, an en duebele Merci un déi léif Mënschen, déi aktiv matgehollef hunn. Mir däerfen elo ee Joer laang keng Petitioun mat dësen Theme maachen. Dat heescht awer net, dass mir elo an d’Pensioun ginn. Mir hu Leit an Initiative kennegeléiert, déi ähnlech Gedanken hunn, a wäerten eis sécher u weideren Aktioune bedeelegen. A mir gleewe weider drun, dass mir eng nei Heemecht brauchen, déi méi mënschlech, méi solidaresch, méi tolerant a méi nohalteg ass.
Sabine a Serge Tonnar-Stoltz,
Miersch