Een ëmmer méi besuergte Bierger
Wenn ech d’Entwécklung an de leschten Deeg betruechten, stellen ech mat Suerge fest, datt mir aktuell op eng Kris zousteieren di net méi kontrolléierbar ass. 190 Infektiounen an engem Dag (14. Oktober) däerfte menger Meenung no Beweis genuch dofir sinn, datt et nëmme mat der Hoffnung op d’Solidaritéit vun der Populatioun net duer geet. Ech maach mech erënneren, dat am Ufank vun der Pandemie en däitsche Virolog vun engem 70/20/10-Modell geschwat huet. 70 Prozent vun der Populatioun kréien de Virus, 20 Prozent gi krank, an 10 Prozent ... Mir mussen net mengen, datt mir hei op enger Insel liewen, déi de Stuerm, dee sech ronderëm entwéckelt, verschount. Bei eisen direkten Nopere gesäit et am Moment nämlech guer net positiv aus, an e Sperrzaun wie bei de Wëllschwäin kënne mir och net opriichten. Wien ëmmer nach net realiséiert huet oder realiséiere wëll, a wat fir enger Situatioun mir eis befannen, ka sech orientéieren un der Interventioun vun der Madamm Merkel de 14. Oktober zu Berlin mat hirem dramateschen Appell de selwechten Owend op der däitschen Televisioun, vun den ëmmer méi restriktive Moossnamen a Frankräich a bei eise belschen Nopere guer net ze schwätzen! Ech bewonneren den Här Staatsminister, deen op Solidaritéit setzt a sech do virsiichteg geäussert huet, datt e Vaccin „pourra être disponible en décembre“. De Präsident vun der World Health Organisation, den Dr. Tedros, ass do anerer Meenung. Hie geet do nämlech vun engen Zäitraum vun zéng Joren aus. Ech sinn der festen Iwwerzeegung, datt et an nächster Zäit och hei am Land zu enger Entwécklung kënnt, wou mir nach bedaueren, datt keng Moossnamen ergraff gi sinn, di villäicht net sou populär sinn, dofir awer effikass. Et ass fir mech net ze erklären, datt vun der Regierung d’Droe vu Masken net obligatoresch virgeschriwwe gëtt, woubäi e Non-Respect dovu konsequent bestrooft gëtt. Ech schléisse mech bei der Kritik net aus, well ech droen de Mask zwar do, wou et noutwendeg ass, mä ech hu mech selwer och schonn a Situatioune gesinn, wo ech kee Mask ophat. A wa mir de Prinzip vum Mask net akzeptéiere, komme mir och mat eiser Ekonomie net méi aus dem ganze Schlamassel eraus. Wann et nees zu engem Lockdown kënnt, da geet alles d'Baach eran. An et soll een net gleewen, datt Lëtzebuerg ëmmer AAA bleift an ëmmer op Kredit liewe kann. [...] Ech erlabe mir hei un d’Weltwirtschaftskris 1928-32 ze erënneren, mat de Konsequenzen: Chômage, Veraarmung vun der Populatioun, Faschismus! De Schluss ass bekannt. W. Busch,
Stroossen