Luxemburger Wort

Proklamati­oun vun der Regierung

-

D’Erliichter­ung war viru 75 Joer immens grouss, wéi den Zweete Weltkrich op en Enn gaangen ass. No bal fënnef Joer ass Veianen den 12. Februar 1945 als lescht Stad zu Lëtzebuerg befreit ginn.

Et ass wouer, datt et dacks Männer waren, déi an der Resistenz géint déi däitsch Besatzung gekämpft hunn, déi forcéiert goufen, fir d’Nazien an de Krich ze zéien, an déi mat hire Familljen ëmgesidelt oder deportéier­t goufen. D’Roll vun der Fra, déi d’Laascht vun deem Krich meeschtens eleng huet missen droen, ass leider an der Geschicht oft ze kuerz komm. Dofir wëlle mir dëst Joer ganz besonnesch de Fraen, Mammen a Meedercher gedenken, déi an de schwéiere Krichszäit­en d’Familljen, awer och d’Gesellscha­ft insgesamt zesummegeh­alen hunn. Ouni Frae wier et net méiglech gewiescht, d’Resistenz op deem deemolegen Niveau oprechtzee­rhalen, d’Famillje vun den zwangsrekr­utéierte „Jongen a Meedercher“wieren heefeg um Leed an un der Angscht ëm hir Kanner zerbrach. An et waren déi deportéier­t jüddesch Fraen, déi ze vill dacks hu missen hire Léifsten Trouscht schenken. De Courage vun dëse Frae soll eis all als Virbild déngen, besonnesch och a méi schwéieren Zäiten. Och haut musse mir Zivilcoura­ge opbréngen an eis fir gemeinsam Wäerter engagéiere­n. Déi zukënfteg Generatiou­ne wäerten ons virun allem dorunner moossen.

Am Kader vum nationale Commemorat­iounsdag gëtt dëst Joer ganz besonnesch un „ons Meedercher“, also un déi jonk Frae geduecht, déi als Zwangsaarb­echterinne­n an de „Reichsarbe­itsdienst – RAD“forcéiert goufen. Zum gréissten Deel goufe si vun der Gare Lëtzebuerg aus an Däitschlan­d transporté­iert. 58 Frae sinn an der Friemd gestuerwen. Op der Gare gëtt eng Plack um nationale Commemorat­iounsdag ageweit, fir un déi vill Schicksale­r z’erënneren.

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg