524 Déieren opgeholl a bal 1 000 kastréiert
De Privaten Déiereschutz sicht nei benevol Mataarbechter
Nidderaanwen. D’Generalversammlung vum Privaten Déiereschutz ass de Covid–19-Bestëmmungen no am reduzéierte Krees ofgehale ginn. 2019 goufe 441 Kazen, 77 Kanéngercher, 6 Mierschwéngercher, also 524 Déieren am Ganzen, an de Fleegefamilljen opgeholl. Dobäi kommen all déi verwëldert Katzen, déi just kastréiert gi sinn an zréck op hir Plaz goungen.
2019 goufen da 520 Kazen, 392 Kuederen an all männlech Kanéngercher a Mierschwéngercher kastréiert. Dat erkläert och zum Deel d’Vétérinaire-Käschte vun 147 379,71 Euro. Déi 520 Mudderen hätten an engem Joer zwee Mol Klenger kritt (véier an der Moyenne). Dat wäre 4 160 Kazebëbeeën an engem Joer gewiescht. Wéi all Joer konnt villen Déiere gehollef ginn, awer leider goufen et och nees schlëmm Affären. Am neien Déiereschutzgesetz ass festgeluecht, dass zënter dem 1. Januar 2019 Kaze musse kastréiert a gechipt sinn, wat leider nach laang net de Fall ass. Do ass den Asaz vun den Déierendoktere gefuerdert fir d’Leit drop opmierksam ze maachen, awer och dass d’Dokteren de Chip umellen an net nëmme setzen.
Et ginn dräi Haapthaiser, déi dat ganzt Joer Kazen hu vir ze vermëttelen, an e puer Familljen, déi Klenger grouss zillen. A fënnef Haiser gi Kanéngercher a Mierschwéngercher opgeholl. Honn vermëttelt de Privaten Déiereschutz net. Wëlldéiere mussen op Diddeleng an d'Fleegestatioun oder an ee vun hire véier Drop-Of’en gedroeginn. D’Associatioun sicht och nach Déierefrënn, déi sech op iergendeng Manéier wëllen engagéieren, sief dat als Fleegefamill fir Kazen oder op Nidderaanwen wëllen hëllefe kommen, fir d’Déiere propper ze maachen. Dat ass moies respektiv owends fir 2 bis 3 Stonnen, wa méiglech ee festen Dag. Do ginn och Leit gebraucht, déi kënnen asprange , wann een a Congé oder krank ass. Weider ass et en Appell u Leit, déi géngen op engem Verkafsstand hëllefen oder selwer ee Verkafsstand maachen z. B. op Flou- oder Duerfmäert, hëllefen de Basar ze preparéieren, am Lokal ze raumen an zortéieren. Interessente kënnensech gär mellebeim Marie-Anne Heinen um Tel. 34 85 01 oder Gaby Beissel um Tel. 26 66 08 71.
De Komiteesetzt sech zesummen aus Da Silva Sandra, Heinen Marie-Anne, Keiffer Monique, Kreins Malou, Lamboray Claudine, Lauterbach Patricia, Paulus Yvette, Wagner Françoise a Welter Carine.
Marie-Anne Heinen-Mercy via mywort.lu