Gelongene Concert vun der Harmonie Gaasperech
Lëtzebuerg. De Concert „Sounds of Movies“vun der Harmonie Gaasperech war ënnert de Covid-19-Konditioune gutt gelongen. Well dëst Joer de grousse Galaconcert fir de 60. Anniversaire net konnt presentéiert ginn an d’Musek de Gaasperecher Leit awer wollt weisen, dass si nach aktiv ass, war de Concert an der
Sportshal nëmmen an engem Deel vum Sall ofgehale ginn an dat ënnert der Direktioun vum Lionel Valeri. E grousse Merci goung un Stad Lëtzebuerg fir d’Erlabnis, dëse Concert kënnen ze spillen.
Harmonie municipale Luxembourg-Gasperich
via mywort.lu