Masken a „Gestes barrières“
Maskeverweigerer argumentéieren oft, datt wärend Grippewellen och Leit gestuerwe sinn, a keen huet dofir Maske gedroen. Si vergiessen ze soen, datt mir eng Impfung géint Gripp hunn, an esou kënne mir d'Infektiounswell ënnerbriechen. Ech sinn Infirmière, ech ginn oft gefrot, op mir keng Antibiotiquë méi am Spidol hätten. Et ass e Virus, an do hëlleft keen Antibiotique! Anerer mengen, et wier gehollef, wa mir Leit, déi positiv getest ginn, präventiv géinge behandelen. Esou géing dann de Virus net d'Longen attackéieren. Mir hunn och keen esou e Medikament. Mir hu just Kortison, deen de Schued un de Longe stoppt, wann de Virus net esou virulent ass, datt schonns d'Longe massiv zerstéiert sinn. Anerer wëlle keng Masken droen, well et eng Bakterieschléider ass. Huet een eng Bakterio vun den Otemweeër, dann huet een Houscht, Schnapp, Kappwéi a Féiwer. Symptomer, déi och bäi Covid optrieden. Da bleiwen ech doheem a loosse mech testen. Kanner kënnen och léieren, Masken unzedoen, wann déi Erwuessen hinnen erklären, firwat dat néideg ass. Mir hunn näischt fir dem Virus entgéint ze setzen, just Droe vu Masken, Hänn wäschen, Distanz halen a sozial Kontakter reduzéieren. Jo, dat Ganzt beschränkt eis Fräiheet, mee am Verglach zu deem, wat d'Personal an de Spideeler an Altersheemer muss erdroen, ass dat wéineg. Mir ënnerstëtze Fleegepersonal an Dokteren, wa mir déi puer Aschränkungen op eis huelen. Geschwënn muss d'Personal an de Spideeler eng 60-Stonne-Woch schaffen, och wann déi Kolleegen aus der Pensioun zeréck kommen, fir si ze ënnerstëtzen. Och déi Leit hunn eng Famill an eng Gesondheet. Mir all kënnen hëllefen, mam Anhale vun e puer Reegelen och si an hir Familljen ze schützen.
Dorothée Müller-Mathieu,
Schëffleng