Vu Chantier zu Chantier
Iwwer déi alldeeglech Mobilitéitsproblemer am Mëllerdall
Wéi am Ländchen iwwerall musse mir ons och am Oste mat ville Stroossenaarbechten an also Deviatiounen all Dag erëm ploen. Leider muss een awer feststellen, datt ganz besonnesch am Deel vun Iechternach-Beefort-Fiels eng immens Koordinatioun an de Chantiere besteet, esou dass een, wann een aus engem Chantier eraus ass, schonn direkt bei der nächster Luucht muss halen. Wann ee vu Waldbëlleg muss op Iechternach fueren, dann däerf een net an de Mëllerdall, wëll déi Strooss ass schonn zënter bal zéng Méint gespaart. Awer geschafft gëtt do net!
Also dann op Chrëschtnech, erof op Breitlerbrëck, dann op Konsdrëf. Do muss een am Agang awer ganz laang bei enger Luet stoen an dann duerch e Chantier fueren, wou net emol e provisoresche Belag ass, wou ee Pneuen a Stoussdämpfer vum Auto ganz staark beusprocht. Dat dauert elo schonn e puer Méint. Wann een dann endlech duerch ass, steet ee schonn 200 Meter dropp erëm bei enger Luucht. Datt d'Gemeng do nach net intervenéiert huet!
Normalerweis brauch ee vu Waldbëlleg op Iechternach knapp 15 Minutten, elo awer méi wéi duebel esou vill, mat duebel esou vill Sprit an duebel esou vill CO2-Ausstouss. De Wee iwwer de Grondhaff geet och net, well do geschafft gëtt an alles gespaart ass.
Dat ass awer alles net sou schlëmm, da fuere mir eben an d’Stad, awer net duerch de Blummendall, well deen ass jo och emol gespaart.
An wa mir dann op Wäiswampech géifen akafe goen? Schued fir d’Ëmwelt, awer gutt fir d’Geschäftsleit vun do. Da sinn eben nach just déi puer Touriste geplot am Mëllerdall, fir déi Einheimesch ass et jo egal. G. Bender,
Waldbillig