E Joer Asaz fir de Burkina Faso
D'Par Musel a Syr Hl. Jakobus spent u Chrëschte mam Sahel
Rued-Sir. D'Hëllefsaktioun 20192020 ënnert dem Motto „Renforcement des capacités – une clé pour un avenir meilleur“vun der Par Musel a Syr Hl. Jakobus war zugonschte vun der Fondatioun Chrëschte mam Sahel.
Vum Advent 2019 bis zur Kommioun, déi Corona bedéngt am Hierscht 2020 war, hunn d'Kommiounskanner, d'Kanner, déi Liichte gaange sinn, d'Massendénger, d'Veräiner a Privatleit d'Hëllefsaktioun ënnerstëtzt. Et waren och Familljen, déi am Kader vun engem Stierffall, e Spendenopruff zu Gonschte vun der Aktioun gemaach hunn. Am Ganze sinn esou 41 358,11 Euro zesumme komm, dovu 4 931 Euro eleng vun de Kommiounen. Dobäi kommen nach 650 Euro aus der Lokatioun vun de Kommiounskleeder, wou d'Elteren op de Remboursement vun der Kautioun verzicht hunn.
De Marc Fischbach, Präsident vu Chrëschte mam Sahel, huet de Scheck, ënnert Anhale vun den aktuelle Covid-Mesuren, entgéint geholl an all deenen e grousse Merci gesot, déi un der Aktioun deelgeholl hunn. Hien huet och ervirgehuewen, dass Chrëschte mam Sahel an der Vergaangenheet schonn e puer Mol am Kader vun der Hëllefsaktioun ënnerstëtzt gi sinn. D'Fonge ginn investéiert an d'Bildung vu Schoulkanner an an d'Formatioun vun Erwuessenen am Beräich Landwirtschaft am Burkina Faso. Duerch de Kofinanzement vum Aussen- an Europaministere gëtt déi ganz Zomm mat 5 multiplizéiert. D'Beneficiairen am Burkina Faso wäerten des Chance ze notze wëssen.
Fondation Chrëschte mam Sahel
via mywort.lu