E Stéck Chrëstnech huet eis verlooss
Noruff op de Pierre Majerus
Mir woussten alleguerten, datt dem Pierre Majerus seng Gesondheet ugeschloe wier, an dach ware mir erféiert, wéi et den 8. Oktober 2020 geheescht huet: „De Majerusse Pier ass dout.“Seng gesondheetlech Problemer huet hien ëmmer erëm mat vill Courage, enger grousser Ausdauer an engem gesonden Optimismus iwwerwonnen. An duerfir hat och kee vun eis domat gerechent, datt säin ieweschte Meeschter hien esou séier géing bei sech huelen.
De Pier Majerus ass den 10. Dezember 1931 zu Meecher op d’Welt komm, wou hien och an d’Primärschoul gaangen ass. Well hie jo aus engem Bauerebetrib komm ass, louch et jo bal op der Hand, datt hien duerno op Ettelbréck an d’Akerbauschoul gaangen ass. Wéi hien déi mat Erfolleg ofgeschloss hat, stoung hie virun der Entscheedung: Weider an d’Schoul goen oder sech der Landwirtschaft verschreiwen? Fir de Pier war déi Decisioun séier geholl: Hie war schonn an deem Alter dem Bauereberuff verfall an do sollt sech säi ganzt Liewen och näischt méi drun änneren. Mat Begeeschterung konnt hien ëmmer erëm mat anere Baueren iwwert e gesonde Bësch, e schéint Weessefeld oder eng wäertvoll Déierenzuucht diskutéieren. Just e leidenschaftleche Bauer wéi hie wosst ëm all déi Méi a Kompetenz, déi ee muss opbréngen, fir e konkurrenzfäege Bauerebetrib opzebauen.
De Pier léiert d‘Juliette Mamer vu Chrëstnech kennen an den 11. Juli 1956 sinn si an der Chrëstnecher Parkierch bestuet ginn; vun do un hunn si zum „Bauerebetrib Mamer“gehéiert. Hier dräi Jonge Fons, Guy a Jean-Marie hunn no an no d’Famillje vergréissert.
Wéi e roude Fuedem huet d’Landwirtschaft de Pier säi ganzt Liewe begleet. Hie war un allem interesséiert, wat mat dem Bauerewiesen an der Landwirtschaft ze dinn hat, an duerch säi Fläiss, säin Interessi a säin Engagement war hien doriwwer ëmmer um leschte Stand. Wéi säin eelste Jong de Betrib iwwerholl huet, sinn zwar eng gewësse Laascht a Verantwortung vum Pier senge Schëllere gefall, awer esou richteg lassloosse vum Betrib konnt hien net. Mee elo hat hien d’Geleeënheet an d’Méiglechkeet sech nach méi wéi je an den Déngscht vun de Baueren an der Allgemengheet ze stellen. Op verschiddene weidere Pläng ass hien aktiv ginn. D’Viraussetzunge waren ausgezeechent, fir op där Plaz säi Mann ze stellen, wou hie gebraucht ginn ass. Hie war e richtegen Expert an op säi Rot an op seng Virschléi hunn der vill gelauschtert. Hien hat e wonnerbaart Geschéck, fir seng Meenung un de Mann ze bréngen, säi Wëssen a seng Argumenter waren him dobäi eng grouss Hëllef. Hien huet et fäerdeg bruecht, Brécken ze bauen tëschent Beruffskolleegen, déi mol net mateneen eens waren. Dat ass gaangen ouni ze streiden, wann och d’Stëmme mol munnechmol méi haart gi sinn. Mee zum Schluss ass awer meeschtens e Konsens fonnt ginn an et ass dann un engem Strang an der Landwirtschaft gezu ginn.
De Pier huet déi ganz Entwécklung vun der Landwirtschaft – vun nom Krich u bis elo – erlieft an net einfach laanscht sech erof lafe gelooss. Et war net ëmmer einfach, déi verschidde Phase matzemaachen, well et waren der och derbäi, déi zimmlech schwéier z’erdroe waren. Lues a lues ass hien ëmmer méi bekannt a respektéiert ginn an de Genossenschaften, an de Verwaltungen an an de Ministèren. Seng frëndlech, jovial Manéier fir mat de Leit ëmzegoen huet him munnech Dier opgemaach an doduerch huet hie villes am Déngscht vum Bauerestand wéi och vun der Gemeng an der Par erreecht.
An der Landwirtschaftskammer, am FLB (Fräie Lëtzebuerger Bauereverband) an an der Saatbaugenossenschaft war hie jarelaang gewielten an aktive Member. Ob als President vun der Dikrecher Raiffeisekeess oder als Vize-President vum Piusverband, wou hien am Oste virun allem an de Generalversammlungen seng Organisatioun wierdeg vertrueden huet, iwwerall war hien net zulescht och wéinst senger héiflecher a respektvoller Aart geschätzt a gefrot.
Natierlech war de Pier och an der Gemeng Waldbëlleg aktiv an huet vun 1975 bis 1987 de Poste vum Schäffe bekleet a vun 1983 bis 2010 de Poste vum President vum Office social. E grousst Engagement huet hien Enn de 70-er Jare bäi deene villen Aarbechten, déi am Kader
vun der Restauratioun vu Gemeng a Staat zu Chrëstnech gemaach gi sinn, bewisen. Seng exzellent Zesummenaarbecht mat de Verwaltungen a besonnesch mam Service des Sites et Monuments Nationaux ware virbildlech an d’Resultat, d’Modellduerf Chrëstnech, léisst sech weisen. Als Vizepresident vum Syndicat d’Initiative et du Tourisme vun der Gemeng Waldbëlleg war him vill um Bild no bausse vu senger Gemeng geleeën.
An och an den Nopeschdierfer war de Pier gefrot: am Mëllerdaller Männerchouer, an de Chrëstnecher Eedemen an an der Chorale vun Hiefenech.
Awer virun allem seng Verdéngschter fir de Chrëstnecher Gesank verdengen hervirgehuewen ze ginn. Fir hie war et eng Selbstverständlechkeet d’Presidentschaft vun de 75-Jar Feierlechkeete vun der Chorale Ste-Cécile z’iwwerhuelen a sech komplett där Aufgab hierzeginn.
Als gleewege Chrëscht war et him eng grouss Éier der Chrëstnecher Par fir d’éischt als Sekretär an dunn als President ze déngen.
E ganz grousse Verdéngscht huet de Pier awer am Senioreveräi „Jonk an Al Waldbëlleg“, wou hien iwwer 30 Jar, vun 1988 bis 2018, en engagéierten a waarmhäerzege Grënnungs-President war.
Hie war frou mat senger ganzer Famill an ass ëmmer erëm gären a „säin“Éisleck gefuer. Wéi dacks huet hien aus där schwéierer Zäit vun der Ardennenoffensiv gezielt, eng Zäit, déi hien als jonke Kärel déif markéiert huet.
Bei all senge ville benevolen Aktivitéite war seng Fra Juliette, mat där hien e virbildleche Stot gefouert huet, him doheem e wichtege Réckhalt. Besonnesch houfreg war hien op all seng aacht Enkelkanner.
Eng immens Freed war fir de Pier, wéi virun e puer Jar seng Famill en neie moderne Bauerebetrib zu Chrëstnech uewe „bäi d’Kräiz“opgeriicht huet. De Pier war berouegt; de Grondstee fir d’Zukunft vum Landwirtschaftswiesen „A Barthels“vu Chrëstnech war domadder geluecht.
Pier, déi vill Leit, déi op dengem Begriefnes derbäi waren, hu bewisen, wéi beléift a respektéiert, dass du waars. Deng Frënn a Bekannte soen dir e grousse Merci fir alles, wat s du geleescht hues, fir d’Veräiner, d’Gemeng, de Bauerestand, deng Familljen. Du krus de Bewäis, wéi enk si mat dir verbonne waren. Mir wëllen dir e grousse Merci noschécken, vergiesse wäerte mir dech ni.
Denis Dimmer
Automobile