Keen direkte Bus méi fir an d'Stad
Wat si mir dach soss mam Bus gefuer! Am Ufank hate mir deeër Busse just e puer den Dag. Mir sinn trotzdeem mam Bus gefuer, mat der Poussette, mam Akafsweenchen op de Maart, mat de Wallissen op den Zuch fir an d’Vakanz. Wat hu mir Geld ausgi fir Billjeeën, Abonnementer, Jumboskaarten… Wat hu mir Zäit verbruecht, am Reen op den Arrêten ze waarden, op de Bus, deen ze spéit oder heiansdo och guer net koum. Duerno hate mir all hallef Stonn e Bus fir an d’Stad oder op de Kierchbierg fir zum Beispill an de Kino oder an d’Klinik. An elo? Elo hu mir säit dem 13. Dezember keen direkte Bus méi! Elo heescht et ee Fouss bei d'Këscht ... a bon voyage! Lydie Behm,
Ernster