De Kleeschen on Tour
HéIJE BEsuCH An DE GronDsCHoulE vun DEr GEmEnG
Beetebuerg. Och an dësen Zäiten huet de Kleeschen sech et net huele gelooss, d'Kanner aus dem Enseignement fondamental (Précoce souwéi Cycle 1 an 2 ) ze besichen.
Wéinst der aktueller Situatioun huet seng Visitt missten un déi aktuell sanitär Mesuren ugepasst ginn. De Kleesche selwer ass mam gudde Beispill virgaangen an hat seng Mask un. Iert e sech dann op den Tour duerch d'Schoule gemaach huet, ass hie vum Buergermeeschter Laurent Zeimet op der Gemeng begréisst ginn.
Am Ganze sinn an der Gemeng Beetebuerg iwwert zwee Deeg ëm déi 600 Titercher mat FairtradeProduiten un d'Kanner aus dem Enseignement fondamental verdeelt ginn.
Administration communale Bettembourg via mywort.lu