Au revoir Ernestine Kirsch-Bauler
Den 19. Oktober 2020, zwee Deeg virun eiser Generalversammlung, ass eis Éierepresidentin Ernestine Kirsch-Bauler gestuerwen.
Si war di éischt Presidentin vun eiser Sektioun Fraen a Mamme Bartreng, déi 1985/86 ënnert der Leedung vun Abbé Ferdy Fischer a Marie-Paule Graul gegrënnt ginn ass. Dëse Posten huet d’Ernstine besat bis 1994, an duerno nach emol vun 2006 bis 2008.
Awer och scho virdru war d’Ernestine aktiv, ënner anerem fir de Porbasar. Mat hirer Ënnerstëtzung si wonnerschéin a praktesch Handaarbechten entstanen, deelweis kleng Konschtwierker, ewéi zum Beispill de „Patchwork“. Un déi Zäit erënnert e flotten Dekor am Centre Jean-Paul II zu Bartreng.
Dass mir och nach haut am Centre Jean-Paul II treffen, hu mir dem Ernestine an hirer fläisseger Equipe ze verdanken.
Duerch de Verkaf vun der Handaarbecht, awer och duerch den Erléis aus vill aner Aktivitéite vun de Fraen a Mammen ënnert der Regie vum Ernestine, ass net nëmmen de Centre Jean-Paul II beim Bau ënnerstëtzt ginn.
Och d’„Jong Baueren“, déi an der Entwécklungshëllef an Obervolta am Asaz bei den einheimesche Bauere waren, fir bei enger nohalteger Landwirtschaft ze hëllefen, sinn ënnerstëtzt ginn.
En aneren Don ass gemaach ginn, géint den Honger a Kenia. Och d’Kannerduerf zu Miersch huet en Don kritt, a bei der Scheckiwwerreechung
konnt een dës Ariichtung kenne léieren. E wäite Bléck no vir ass och bewise ginn duerch en Don an d’Kriibsfuerschung, deen an enger klenger Feier am „Laboratoire de recherche sur le cancer et les maladies du sang“zu Leideleng iwwerreecht ginn ass.
Politik ass och net ze kuerz komm, wat bewise ginn ass duerch d’Invitatioun vun der Madamm Viviane Reding zum Thema „Wat bréngt d’Familljepolitik de Fraen?“Eng aner Visite guidée huet Abléck verschaaft an d’Aarbecht vum Europaparlament. Och den Atomkrich war en Thema am Konferenzzentrum um Kierchbierg „Auswierkunge vun engem Atomkrich ob Mënsch an Natur“.
E weideren Aspekt vun dem villsäitege Programm waren DiaOwender iwwer Geschicht a Konscht aus der Tierkei oder iwwer „Buthan Königreich auf dem Dach der Welt“.
Ob kee Fall ze vergiesse waren d’Familljennomëtteger ob Christi Himmelfaart mat Kaffisstuff an owes „Assiette maison“, a wéi et weider heescht „Et ass fir e gudde Pättche gesuergt“. Och d’Chantiersfest ass e weidere Beweis, dass mat dem Ernestine d’Feieren ni ze kuerz komm ass!
Eng gewëssen Zäit waren och d'“Jeunes mamans“mat u Bord vu Fraen a Mamme Bartreng.
Selbstverständlech ass och di méi reliéis Säit vum Liewen net ze kuerz komm. De Besuch vun der Oktavmass, de Rousekranz, d’Oktavandachten, de Votum solemne stounge reegelméisseg am Programm, esou wéi och d’Wallfaart bei d’Schwaarz Muttergottes oder d’Wallfaart ob Avioth.
Ausserdeem däerf net vergiess ginn, dass d’ Ernestine d’Membere motivéiert huet zur Zesummenaarbecht mat vill aner Bartrenger Veräiner.
Dës grouss Palette vun Aktivitéite vun onser Sektioun mam Ernestine als Presidentin ass e Beweis dofir, dass mat Energie, gudde Wëllen a Freed zesummen an enger Equipe ze schaffen, e flotte Mosaik vun Iddien entsteet.
Mat dësem Réckbléck ob eng dynamesch, kreativ, interessant an och lëschteg Zäit soe mir dem Ernestine villmools Merci!
T. Reuter, am Numm vun de Fraen a Mamme Bartreng