Eppes konkret fir d'Natur gemaach
Bamplanzaktioun vun de Schoulkanner aus dem Cycle 2.1 an 2.2.
20 Beem sinn deen Dag an de Buedem gesat ginn.
Bous. Op Initiativ vun der Ëmweltkommissioun hunn d'Schoulkanner aus dem Cycle 2.1 an 2.2. aus der Grondschoul vu Bous, zesumme mat der Natur- a Bëschverwaltung, zu Rolleng am „Däichfeld“an am „Jetegrënnchen“eng Rei nei Beem geplanzt.
Och si verschidde Beem ersat ginn, déi schonn 2 Joer stoungen, an déi déi lescht ganz dréche Summeren net iwwerlieft haten. Am Ufank huet de Fierschter, den Tom Engel, de Schüler Sënn an Zweck vun esou Aktiounen erkläert. Dobäi huet hien d'Wichtegkeet vun de Beem an der Gewan fir Déierewelt, d'Biodiversitéit, d'Landschaftsbild an de Mënsch betount. Am Ganze sinn dee Mëtteg 20 Beem vun de Kanner zesumme mat de Bëschaarbechter geplanzt ginn: 15 Spitzahorn a 5 Wanterlannen.
Daniel Schmit via mywort.lu