Chrëschtuucht mol anescht
De Menü gouf heem geliwwert
Rouspert. All Joers invitéiert d'Sport- a Familljekommissioun all d'Awunner ab 60 Joer aus der Gemeng Rouspert-Mompech op d'Chrëschtuucht.
Leider konnt wéinst den aktuelle sanitäre Mesuren dës flott Manifestatioun net stattfannen.
D'Kommissioun huet dofir ugebueden, de Leit de komplette Menü mat engem klénge Kaddo heemzebréngen.
Ronn 210 Menüen si vun 20 Benevolle verdeelt ginn.
Commune de Rosport-Mompach via mywort.lu