TV Lokal ganz normal
Lokal Tëlee ass kee Gemenge-Noriichtekanal, mee en Archiv
Vill Leit soen, d'Televisioun ass iwwerlieft! Wat bedeit dat fir de lokale Fernsee? Huet deen iwwerhaapt nach eng Daseinsberechtegung an Zäite vu Facebook, Instagram & Co.?
Absolut jo! Well Fernsee ass Fernsee, a just ee Steen am Kommunikatiouns-Mosaik vun enger Gemeng. Owes kucke mir d'Dagesthemen. Ma eigentlech wësse mer da schonn alles. Mir konnten et am Laf vum Dag um Internet an an de soziale Medie kucken, lauschteren a liesen. Brauche mer de Fernsee dofir net méi?
An de 16 Joer, an deenen ech lokal Televisioun maachen, hunn ech am ganze Land nëmme positiv Echoe krut (ech ka mech jo nëmmen dorunner halen, well Lokalfernsee a kenger Statistik optaucht). Mee jidderee kennt „Televisioun Steesel“a „MATV“, an och déi zwou nei lokal Televisiounen, déi rezent bäikomm sinn.
Mir sinn net de Gemengen-Noriichtekanal fir d'Bevëlkerung, mee mir halen Epoche fest a Bild an Toun.
Wärend dem Confinement am Fréijoer 2020 hunn ech verständlecherweis misse Material an d’Archiv vu menge Lokalstatioune siche goen, fir Emissioune kënnen ze produzéieren. Ech si mer virkomm wéi wann ech duerch Fotoalbumen aus der Vergaangenheet géif bliederen. Ech hu lokal Geschicht nees opliewe gelooss. A genee dat ass Sënn an Zweck vum lokale Fernsee! Mir schaffe fir d’Zukunft, fir déi kommend Generatiounen. Déi éischt Emissioune vun Televisioun Steesel kann een och nach a 50 oder 100 Joer kucken.
Lokale Fernsee ass kee Moyen fir déi deeglech Kommunikatioun vun der Gemeng. De lokale Fernsee ass eng Revue! De lokale Fernsee ass en Archiv! En Archiv, dat d’Geschicht vun enger Gemeng verzielt. Iwwer Joren a Joerzéngten, esou laang wéi et Mënsche gëtt.
An et wäert och ëmmer iergendwou an all Haus e Bildschierm stoen. Oder hänken. Oder wat och ëmmer.
Leo Folschette, Heeschdref