Een Neistart woen
„De Bicherbus“– der Christiane Kremer hiren éischte Roman
No enger Rei vu Kannerbicher huet d’Christiane Kremer, déi ënnert anerem och Editeurin a Journalistin ass, elo hiren éischte Roman publizéiert. Aus der Ech-Perspektiv eraus erzielt si d’Geschicht vun enger Fra, déi onerwaart aus dem Schied vun hirem Mann, engem Jurist a Politiker, eraustrëtt fir e Neistart ze woen: mat neier Wunneng, Ustoen um Aarbechtsamt an Zäit, déi et opzefëlle gëllt.
D’Protagonistin muss feststellen, dat d’Liewen deels un hir laanschtgezunn ass. Si deet sech schwéier als aarbechtslose Single a muss sech villen Ängschte stellen. D’Geschicht spillt 2013, engem politesch onrouege Joer fir Lëtzebuerg. Et ass aussergewéinlech, op där enger Säit eng perséinlech Ausernanersetzung mat enger Trennung ze hunn, an op där anerer Säit dofir eng Kuliss ze huele mat zum Deel reellem Hannergrond.
Wat huet et fir d’Christiane Kremer interessant gemaach, d’Geschicht 2013 spillen ze loossen, wou de Muechtwiessel am Land sech ofgezeechent huet, an d’Bommeleeër-Affär an déi vum SREL an aller Mond waren? „D’Iddi vun der Geschicht hat ech scho méi laang am Kapp, mä de Kader huet mer gefeelt.
Christiane Kremer: „De Bicherbus“, Kremart Edition, 320 Säiten,
19,95 Euro. D’Situatioun vu Lëtzebuerg 2013, wou och villes an der Schwief war, wou sech e Wiessel ugedeit huet oder e Status Quo am Gaang war opzebriechen, wou sougenannte „Geeschter“aus der Vergaangenheet opgetaucht sinn, alles dat huet mer do gutt an de Kontext vun engem Mënsch gepasst, deen am Gaang ass u villem ze zweiwelen, wat bis dohinner eng Sécherheet am Liewe war oder duergestallt huet. Et war natierlech e Joer mat villen Emotiounen, mat Krisemomenter oder Polemiken, déi d’Land gerëselt hunn. Do war zum Deel Opbrochstëmmung an zum Deel Angscht an Onsécherheet, eben dat ganzt mënschlecht Gefill vun der Angscht virum Changement. An ech fannen, datt déi méi rezent Lëtzebuerger Aktualitéit spannend genuch ass, fir och de Kader vun enger Erzielung ze sinn.“
D’Haaptprotagonistin brécht aus hirem Liewen aus. Anescht wéi een et denke kënnt, ass si voller Selbstzweifel a fënnt laang net zur Selbstsécherheet. War et Uleies, vun der Auteurin dëse Konflikt opzezeechnen? An dëst och mat den Dramsequenzen, déi zu Ufanks vun all Kapitel stinn, ze ënnermaueren? „Jo dat war et sécher, an d’Dramsequenzen deiten dat un. Si weisen de bewossten an onbewosste Séilenzoustand, an deem se sech hin an hir gerappt fillt. Sou wéi mer et all e bëssi mat eis selwer erliewen, déi eng knae méi laang drunn, déi aner manner.“
Onpretentiéis an humorvoll
Wor et wichteg, Thematiken unzespriechen ouni Jugement, ebe fir dem Lieser déi Fräiheet ze loossen, mat neutralem Bléck drun erunzegoen? „Ech wollt bewosst kee Jugement maachen a keng Stellung huelen, weder politesch nach mënschlech. Ech wollt Leit weisen (net nëmmen d’Haaptprotagonistin), déi net duerchweg a Gutt a Schlecht anzedeele sinn oder an déi, déi bestëmmen an déi, déi kuschen. An ech wollt och keng Helden a keng Loser hunn. Mä ganz einfach Mënschen, déi sech a Liewenssituatiounen net méi wuel fillen, ouni datt do Gefiller wéi Haass oder Jalousie optauchen, also ouni datt emol een deem anere schlecht wëll. Et musse keng grouss Katastrophe geschéien, duerch déi een sech eppes bewosst gëtt. Hei sinn et déi kleng an alldeeglech Zeechen an Emotiounen, déi engem lues ze spiere ginn, datt een eppes ännere muss. Dat ass vläicht net esou spektakulär, mä ech mengen, et entsprécht deem, wat e groussen Deel vun de Mënschen erlieft. Um Enn entwéckelen sech jo dann nach Situatiounen, déi dëse Rhythmus briechen. Virun allem wollt ech awer och net an en Drama verfalen, et war mer wichteg, och eng gutt Portioun Humor a Liichtegkeet matzebrénge mat Personnagen, déi déi Zweiwel och op d’Schëpp huelen.“
Op d’Fro, wat si dozou beweegt huet, de Ressort ze wiesselen an