Horeca muss erëm opmaachen
Covid-19-Mesure sinn net fir jiddereen d'selwecht
D’Zuelen an de Klinicke si Gott sei dank am Moment stabel, mee d’Zuele weisen no uewen, an d’Tester vun all Dag ginn nees méi alarmant an d’Luucht. Wéi geet et weider, wann d’Vakanz eriwwer ass an all déi aus Portugal a vun de Kanaren nees heem kommen? Negativen Test beim Areesen, an dann?
Bleif doheem! Nee, net fir jiddereen! Ass et normal, dass een a Portugal flitt oder fiert, op Teneriffa a Gran Canaria flitt, wou och zimmlech vill Infektioune sinn? An hei am Land? Bleif doheem, Horeca zou ...
Ass et net de Geck mam Horeca-Beräich an den Awunner gemaach, dass d‘Restauranten an d’Caféen nach mussen zou bleiwen? D’Restaurante sinn zou an d’Infektioune ginn an d’Luucht. Dobäi wär et ganz einfach nodeems, den Horeca scho vill investéiert huet, andeems een zousätzlech Moossname virschreift.
Een Openthalt vu Maximum zwou Stonnen am Café oder Restaurant, permanent Maskeflicht och am Sëtzen, ausser wann een eng Schlupp drénkt a wann een ësst. Während dem Iesse kann zousätzlech ee Plastik tëschent d’Leit gestallt ginn. Et ass also nëmmen eng Saach vum gudde Wëllen a keng Ursaach zou ze loossen, ausser, et huet een Drock vun de Nopeschlänner oder de Regiounen.
An Däitschland z. B. sinn och am Grenzgebitt vill Butteker oder Servicer zou, wéi z. B. Schwemmen, Fitness, Sauna. Da kommen d’Grenzgänger op Lëtzebuerg an de Fitness Sauna, Schwemmen an an d’Butteker. Missten d’Grenzen net fir dës Leit zougemaach ginn a just fir Leit, déi hei am Land schaffen, op sinn? Jo, mir brauchen d’Frontalieren, net nëmmen an de Klinicken, mee d’Frontalieren, d’Groussregioun brauchen och Lëtzebuerg! D’Frontaliere verdéngen hiert d’Brout hei. Ass den Drock vun Däitschland, Frankräich, Belgien op d’Lëtzebuerger Regierung esou grouss, dass den Horeca net duerf opmaachen? Wéi laang gi mir nach verdommt a mussen eis virum Ausland ducken? Mir duerfen net bei si, mee si duerfe bei eis, verréckt!
Ech hu wéineg Respekt viru Regierungsvertrieder, Deputéiert ... déi dem Foussvollek wëlle verkafen, doheem ze bleiwen, a si reese monter weider. Et gi fir mech an enger Pandemie nëmmen dräi Ursaache fir ze reesen: krank Familljememberen, Stierffäll oder d’Aarbecht. Alles Aneres ass Luxus a kann net toleréiert ginn.
Et geet elo déck duer an et kann nëmme sinn, dass den Horeca nees opmécht, och wann den Take Out eng flott Alternativ ass, vun där ech och profitéieren.
Jean-Jacques Toussaint,
Lëtzebuerg